Déiereschutz
Dreifjuegd zu Hesper
Den L’essentiel huet de 16ten November 2025 beriicht, datt d’Awunner vun Hesper duerch eng Dreifjuegd an der direkter Ëmgéigend vun engem Wunngebitt beonrouegt sinn. Op d’Froe vun den Awunner, ob Kontrollen an Alkoholtester géingen duerchgeféiert ginn, verweist d’Gemengeverwaltung op d’Verantwortung vum Ëmweltministère am Beräich vun der Juegd.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi gëtt d’Sécherheet vun den Awunner garantéiert, wann eng Dreifjuegd an der direkter Ëmgéigend vun engem Wunngebitt organiséiert gëtt?
Wäerten/goufen bei dëser Dreifjuegd Kontrolle vun der Ëmweltverwaltung gemaach? Falls jo, wat sinn d’Resultater?
QP Nummer 3200
