Connect with us

Gemengen & Innepolitik

Familljen am Gemengerot

Am Walgesetz (Artikel 131) ass festgehalen, dass Familljememberen bis zum zweete Grad net dierfen zesummen als Deputéierten an der Chamber sëtzen. Mee, wéi ee WORT-Artikel vum 3te Juli 2025 schreift: „Da der Verweis in der Verfassung nun fehlt, gibt es im Wahlgesetz keine legale Basis mehr für die Inkompatibilität.“. Dës Reegel bleift awer um Gemengenniveau weider bestoen (Artikel 196 vum Walgesetz) a féiert dozou, dass bei Familljememberen op lokalem Niveau ee Mandataire op säi Mandat verzichte muss. Um nationale Niveau ass näischt keng Ännerung virgesinn, soudass Familljememberen an Zukunft kéinten zesummen an der Chamber sëtzen. Et geet grondsätzlech ëm d’Fro, ob et nach zäitgeméiss ass, tëschent bestuetenen Partneren z’ënnerscheeden. De WORT-Artikel werft dozou ee Punkt op: „In der Vergangenheit habe es bereits Fälle gegeben, in denen sich Paare entpacsten, nur um gemeinsam im Gemeinderat sitzen zu können. […] Auch wenn man sich entpacst, ist die Situation die gleiche. Man ist immer noch in einer Partnerschaft und lebt vielleicht zusammen.“ 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet den Artikel 131 vum Walgesetz nach Wierkung?

  2. Huet den Artikel 196 vum Wahlgesetz nach Wierkung? Gëllt d’Reegel vun der Inkompabilitéit nach, wann zwou Persounen sech no der Zesummesetzung vum Gemengerot bestueden?  Muss ee vun de Partner oder Familljemembere bis zum drëtte Grad an deem Fall säi Mandat nom Bestietnis opginn?

  3. Ass d’Regierung der Meenung, dass den Artikel 196 am Aklang ass mam Verfassungsprinzip vun der Gläichheet virum Gesetz, wann ee bedenkt, dass zwee Familljememberen am nationale Parlament zesummen dierfe sëtzen, mee net am Gemengerot?

  4. Ass d’Regierung gewëllt fir eng Ännerung um Artikel 196 virzehuelen, fir méi Fairness tëschent nationalen an lokalen Mandatairen ze schafen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2607

Continue Reading