Connect with us

Aussepolitik

Fly in good company

A fréiere parlamentaresche Froen (z.B. n° 481) hat ech  ëm Informatiounen iwwert d’Flich vun de Regierungsmemberen mat Privatjets gefrot an och geliwwert krut. Een Tageblatt-Artikel vum 11ten Oktober mam Titel „Economy oder Business“ beriicht iwwert d’Fluchgewunneschten vun der Exekutiv a verschiddene Ministèren, wou ëfters Mol op d’Business-Klass zeréckgegraff gëtt, grad wa Regierungsmembere mat u Bord sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Euro goufen am Joer 2023, 2024 fir Fligerticketen ausginn, opgelëscht no Ministère? Wéi deelen sech dës Käschten op tëschent der Economy, Business an eventuell First-Class?

  2. Wéi vill Fliigerticketen goufen 2024 kaf, opgelëscht no Ministère?  Wéi deelen sech dës op tëschent der Economy, Business a First Class?

  3. Wéi eng Ministèren hunn an de leschte 5 Joren ee Privatjet fir ee Fluch genotzt? Fir wéi eng Fluchstreck war dëst (Depart & Arrivée); wat waren d’Käschte vum Fluch a wie waren d’Notznéisser (Ministère)?

  4. Kann d’Regierung d’Lëscht aus der parlamentarescher Fro n°481, mat all de Flich aus de leschten 2 Joren, fir déi ee Privatjet genotzt gouf, mat de Flich aus de Joren 2024 an 2025 aktualiséieren?

  5. Wéi oft sinn déi verschidde Regierungsmemberen an de leschten 3 Joren Business Class oder First-Class geflunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3034

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert