Aussepolitik
Grenzkontrollen an Däitschland
 
																								
												
												
											RTL.LU schreift, dass bei de Grenzkontrollen, déi op der däitsch-lëtzebuergescher Grenz vun der däitscher Police gemaach goufen, zënter Juli ronn 600 Persoune festgeholl goufen, dës wéinst Passeurs-Aktivitéiten oder well dës Persoune gesicht waren. Weider sinn 869 Leit op der Grenz gestoppt an zeréck an de Grand-Duché geschéckt ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- Firwat goufen dës 869 Persounen net an Däitschland era gelooss an zeréck op Lëtzebuerg geschéckt? 
- Wat ass mat deenen 869, déi erëm op Lëtzebuerg geschéckt goufen, gemaach ginn a sinn dës Leit nach um Lëtzebuerger Territoire? Falls nee, wéi vill hu Lëtzebuerg verlooss? 
QP Nummer 2779

