Déiereschutz
Héichsëtzer fir d’Juegd – Nofro
An der parlamentarescher Fro n° 3044 hat ech nogefrot, no wéi enge Krittären Héichsëtzer fir d’Juegd dierfen opgestallt ginn an a wéi enge Situatioune Geneemegungen néideg sinn. No der Äntwert vum Ministère bleift awer onkloer, wéi dat da kontrolléiert gëtt, well de Minister keng Zuelen dozou liwwere kann, wéi vill Héichsëtzer hei am Land stinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi gëtt kontrolléiert, datt Héichsëtzer legal opgestallt goufen an déi néideg Geneemegungen hunn?
Wien ass fir dës Kontroll zoustänneg a wéi dacks gouf an der Vergaangenheet kontrolléiert?
Wéi oft gouf een Héichsëtz illegal gebaut?
Firwat gi keng Statistike gefouert op Basis vun den Demanden, déi beim Ëmweltministère agaange sinn?
QP Nummer 3209
