Connect with us

Gemengen & Innepolitik

Kompetenzen vun den Gemengenagenten

Mam Gesetz vum 27te Juli 2022 kruten d’Gemengebeamten méi Kompetenzen, fir verschidden Inzivilitéiten kënnen ze sanktionnéieren. Am Artikel 4 (1) vum Gesetz as festgehalen: „Les membres du cadre policier de la Police grand-ducale, les gardes champêtres prévus à l’article 22 dans le cadre de leurs compétences, ainsi que les agents municipaux prévus à l’article 99 de la loi communale modifiée du 13 décembre 1988 constatent par écrit les infractions qui peuvent faire l’objet de sanctions administratives et dont ils sont les témoins directs.“ Verschidde Gemengen hunn de Gemengebeamten dës Méiglechkeete schonn ageraumt a kënnen esou d’Police bei hirer Aarbecht entlaaschten. Dës Aarbecht ass awer och mat ville Konfliktsituatioune verbonnen, op déi d’Beamt:innen musse virbereet ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi ville Gemenge goufen d’Infraktiounen, déi am Gesetz vun 2022 festgehale sinn, agefouert?

  2. Wéi vill gardes champêtres a wéi vill agents municipaux dierfen haut sanctions administratives ausschreiwen, opgelëscht no Gemeng?

  3. Wéi eng Formatioune goufen opgestallt, fir d’Beamt:innen an hiren neien Aufgaben aus- oder weiderzebilden?

  4. Existéieren spezifesch, eenheetlech Formatiounen, fir den Ëmgang a Konflikt- oder Gewaltsituatiounen ze bewältegen? Falls jo, wéi eng?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3367

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert