Mobilitéit
Problem op der Autobunnsbréck tëschent Perl a Schengen (A13)
 
																								
												
												
											SR.de huet informéiert, dass et op der Autobunnsbréck tëschent Perl a Schengen Rëss entstane sinn. Aus dësem Grond gëllt een Iwwerhuelverbuet an ee Mindestofstand fir gréisser Gefierer, ewéi Busser an Camionen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- Goufen déi lëtzebuergesch Verwaltungen iwwert dëse Problem informéiert? 
- Wéi wäert sech dës Situatioun op den Trafic um Grenziwwergang a speziell op der A13 auswierken? 
- Wéi steet et ëm d’Stabilitéit an d’Sécherheet vun der Bréck? 
- Huet d’Ministesch Informatiounen, bis wéini d’Bréck geflickt wäert ginn? 
QP Nummer 2564

