Connect with us

Aussepolitik

Privat Visite vum Premierminister a Portugal

Op der offizieller Facebook-Säit vun der Regierung gouf den 8ten September ee Bäitrag erstallt, an deem iwwert dem Premierminister seng privat Visite a Portugal informéiert huet. Wann et eng reng privat Visite war, dann dierft et sech konsequent net ëm eng ëffentlech Missioun handelen. Et stellt sech dann och d’Fro, firwat déi offiziell Säit vun der Regierung iwwert déi privat Aktivitéite vu Regierungsmembere beriicht? 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi engem Kader huet d’Visite den 8te September stattfonnt – privat oder an ëffentlecher Missioun? Falls zum Deel an ëffentlecher Missioun: wéi eng Käschte goufe vum Staat bezuelt?

  2. Wéi eng Richtlinne gëlle fir d’Regierungsmemberen, fir d’Notzung vu staatlechen Déngschter a Kommunikatiounen, wa si privat am Ausland ënnerwee sinn?

  3. Gesäit d’Regierung een Interessekonflikt, wann offiziell Kommunikatiounskanäl – bezuelt mat Steiergelder – fir d’Promotioun vu privaten Aktivitéite vu Regierungsmembere genotzt ginn? 

  4. Wäert d’Regierung den Ethikcomité ëm een Avis zu dësem Fall befroen? Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2887

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert