Connect with us

Finanzen & Steieren

Zwangsandreiwungen duerch d’Steierverwaltung

An der Chamberssitzung vum 24te Februar 2022 gouf am Kader vun enger Motioun diskutéiert, wéi d’Steierverwaltung d’Reegelen an d’Prozedure betreffend den Andreiwe vu Steiergelder exekutéiert (Recouvrement forcé). Mir gi reegelméisseg Fäll vu Firmen a Persounen zougedroen, déi an engem Recouvrement forcé sinn. Wat opfält, ass wéi d’Accord’en, déi mat der Steierverwaltung getraff gi sech vu Fall zu Fall ënnerscheeden. Oft ass eng Persoun oder Firma op de gudde Wëlle vum Steierbüro ugewise sinn, fir een Accord ze fannen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Finanzministesch erkläre wéi d’Steierverwaltung virgeet, fir ee Recouvrement forcé duerchzeféieren?

  2. Wéi oft ass et 2020 an 2021 zu Andreiwunge komm? Wéi verdeelt sech dës Unzuel un Zwangsandreiwungen op déi eenzel Steierbüroen hei am Land?

  3. A verschiddene Fäll stellt de Recouvrement forcé fir de Steierzueler eng Existenzkris duer, well op eng Kéier grouss Zomme Gelder mobiliséiert musse ginn. Dëst féiert a verschiddene Fäll zum Bankrott vun Organisatiounen a Privatpersounen.
    1. Wéi geet d’Steierverwaltung vir, fir de Leit eng Chance ze loossen, hier Steierscholden ze bezuelen, ouni si an de Bankrott ze drécken?
    2. Wéi eng Marge de Maneouvre huet de Steierbüro, fir de Leit an esou Situatiounen entgéint ze kommen?

  4. Ech gouf vu Leit kontaktéiert, déi psychologesch wéinst Steierscholden net méi mat hirem Liewe weider wëssen. Situatiounsbedingt kënnen d’Steierscholden zu Existenzängscht a Suizidgedanke féieren. Wärend der Covid-Pandemie gouf mental Gesondheet vun eiser Gesellschaft oft vun de Regierungsparteien thematiséiert.
    1. Kréien d’Mënschen, déi a Steierscholde geroden, eng psychologesch Ënnerstëtzung wärend dem Recouvrement forcé ugebueden, fir d’Situatioun besser kënnen ze meeschteren? Falls nee, wäert d’Regierung dat an d’Weeër leeden?
    2. Wéi eng Moossnamen ënnerhëlt d’Steierverwaltung , fir de Leit d’Existenzängscht am Zesummenhang mam Recouvrement forcé ze huelen?

  5. Wéi vill Recouvrement-Dossiere goufen an de leschten 10 Joer clôturéiert, well de Steierzueler verscheet ass? Existéieren an deem Zesummenhang Lien’en mat Suiciden?

  6. Här Minister, kritt d’Personal vun der Steierverwaltung, dat am Recouvrement forcé schafft, d’Méiglechkeet u psychologesche Coursen deelzehuelen, fir se mental op schwiereg Situatiounen anzestellen, déi an hirem Alldag kënnen optauchen?
    Existéiert fir d’Beamten och eng Ulafstell, un déi si sech bei mentale Problemer wende kënnen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5904

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert