Connect with us

Déiereschutz

Hausdéiere vun ukrainesche Flüchtlingsfamilljen

D’Invasioun vun der Ukrain duerch de russesche Putin-Regime huet eng humanitär Katastroph um europäesche Kontinent ausgeléist. Millioune vun Ukrainer si gezwongen hiert Land ze verloossen, fir z’iwwerliewen. D’Fakel vun der europäescher Solidaritéit gëtt héich gehalen an dat an Ost-, West-, Nord- a Südeuropa. 

Och Lëtzebuerg hëlleft mat: all Dag komme Busser mat ukrainesche Familljen an Hausdéieren hei zu Lëtzebuerg un, wat aussergewéinlech ass. Mënschen, déi an enger Extremsituatioun immens schnell handele mussen a vläicht nëmmen Zäit hunn fir 5 Saachen ze paken, huelen hier Déieren an de Grapp a lafen zesumme fort. Dësen onscheinbare Geste bedeit fir d’Déier Liewen oder Dout: vill Hausdéieren an der Ukrain haten déi Chance net a sinn eleng an der Wunneng zeréckbliwwen.

No enger laanger Rees kommen dës Familljen zesumme mat hiren Déieren dann hei am Land un. Wat duerno kënnt, iwwerrascht: wéi op de sozialen Netzwierker ze liesen ass, dierfen d’Leit hier Déieren net mat an d’Flüchtlingsheemer huelen. 

Mir sollten net zouloossen, dass mer Mënsche vun hiren Hausdéieren trennen an dat kuerz nodeems si esou vill traumatesch Erliefnisser matgemaach hunn a bal alles verluer hunn. Doriwwer eraus dierf een net vergiessen, dass och d’Déiere Liewewiese mat engem Bewosstsinn a Gefiller sinn an och si am beschte bei hirer Famill opgehuewe sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Dierfe Flüchtlingen déi mat Hausdéieren ukommen, dës mat an d’Flüchtlingsstrukturen huelen? 

  2. Wat geschitt mat den Hausdéieren, déi net an d’Flüchtlingsstrukture mat dierfen?

  3. Wäert d’Regierung ee Konzept ausschaffen, fir dass d’Flüchtlingen an Zukunft net vun hiren Hausdéiere getrennt ginn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5902

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert