Connect with us

Finanzen & Steieren

Crypto-Geldautomaten: geschwënn och zu Lëtzebuerg?

Een Artikel op der Plattform heise.de vum 7te Juli beriicht vun engem Bitcoinautomate vun der Volksbank Bayern Mitte an Däitschland. De Kryptowärungsautomat vum Ubidder Kurant steht an der Stadt Ingolstadt an erlaabt de Passante mat engem reguläre Geldschäin een Ëmtausch a Bitcoin. Dofir gi beim Automat eng Rei digital Transaktiounen nogefrot. Mëttlerweil goufen och Appen entwéckelt, déi d’Notze vum Cold Wallet an der Bitcoin-Go-Card vun der Volksbank vereinfachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kéinten esou Bitcoinautomaten och hei am Land installéiert an agesat ginn? • Falls jo, wat fir Ufuerderunge missten esou Automate respektéieren? • Falls nee, wéi eng gesetzlech Basis verbitt dës?

  2. An Däitschland hunn d’Sparkassen sech géint den Handel mat Bitcoin an aneren digitale Wärungen entscheet. Huet de Minister Kenntnis vu Banken hei am Land, déi Kryptowärungsautomaten ausschléissen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6476

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert