Connect with us

Natur, Ëmwelt & Klima

Die Recyclinglüge

An enger ARD-Dokumentatioun iwwert de Plastikmüll, „Die Recyclinglüge“, gëtt ob verschidde Mëssstänn bei der Entsuergung vun Offall opmierksam gemaach. Vun de 6 Milliounen Tonne Plastiksoffall, déi järlech an Däitschland produzéiert ginn, solle manner wei 5% op en Neits verwennt ginn. Oft gëtt dës Zuel awer als 45% duergestallt, well de Plastik a Schnipsel zerklengert an a Betongsfabrike verhëtzt géif ginn. Dozou kënnt nach dee vum Consommateur a sengem Stot getrennten Offall, deen awer anscheinend massiv z.B. an Asien am Mier entsuergt géif ginn. Och géing getrennten a fir de Recycling prett gemaachenen Offall an aner Länner exportéiert an do einfach verbrannt ginn. Beonrouegend ass, dass exportéierten Offall an Däitschland als recycléiert gëllt, wat dann nom Export domadder geschitt, ass net gewosst. Bezitt sech d’Dokumentatioun op d’Entsuergung vun däitschem Offall, sou erginn sech dach eng Rëtsch pertinent Froen, déi een sech och zu Lëtzebuerg sollt stellen.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Tonnen Offall (opgelëscht no Kategorie vun Offall) ginn all Joer zu Lëtzebuerg produzéiert?

  2. Wéi vill Tonnen Offall (opgelëscht no Kategorie vun Offall) ginn all Joer hei am Land recycléiert?

  3. Wéi vill Tonnen Offall (opgelëscht no Kategorie vun Offall) ginn all Joers vu Lëtzebuerg aus exportéiert? • A wéi eng Länner ginn dës Quantitéiten exportéiert? • Ginn et Länner, an déi nëmme bestëmmt Zorte vun Offall aus Lëtzebuerg importéieren? Falls jo, wéi eng sinn dat a wéi eng Zorten a Quantitéite vun Offall importéieren dës Länner?

  4. Wéi vill Tonnen Offall (opgelëscht no Kategorie vun Offall) ginn all Joers vu Lëtzebuerg importéiert an aus wéi enge Länner?

  5. Wéi eng Offallzorten ginn am Programm vun der SuperDrecksKëscht aktuell nach net recycléiert? Wat geschitt mat dësen Offallzorten?

  6. Wéi vill Offall gëtt bannent der Aktioun SuperDrecksKëscht an d’Ausland exportéiert?

  7. Kann d’Ministesch ausschléissen, dass déi verschidde Mëssstänn aus dem Reportage „Die Recyclinglüge“ op d’Aktioun SuperDrecksKëscht zoutreffen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6451

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert