Gemengen & Innepolitik
Remboursement vum Congé politique
Gemengemandatairen hunn ee Recht op ee Congé politique, fir dass si hiert Mandat onofhängeg erfëlle kënnen. Fir verschidde Patrone stellt dëse Congé een Challenge duer, well si hirem Employé fräi musse ginn, mee de Remboursement fir all déi Stonnen eréischt d’Joer drop kann ugefrot ginn. Bei klenge Betriber kann sech dëst schnell op d’Käschten an d’Liquiditéiten auswierken, speziell wann eng Persoun muss agestallt ginn, fir de Salarié z’ersetzen oder den Independant Stonne verléiert, déi en a seng Firma a seng Aarbecht kéint investéieren
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Besteet d’Méiglechkeet beim Inneministère, dass een den aktuelle System ofännert, esou dass Patronen a Selbststänneger de Remboursement vum Congé politique trimestriell oder monatlech kéinten ufroen?
Wäert den Inneminister dofir suergen, dass de Remboursement vum Congé politique esou organiséiert gëtt, dass de Remboursement trimesteriell oder monatlech kéint ugefrot ginn?
QP Nummer 3081
