Gemengen & Innepolitik
Begriefnisser an anere Gemengen

D’Gemenge sinn zoustänneg fir d’Begriefnisser an den Ënnerhalt vun de Kierfechter. Normalerweis ass et esou, dass d’Leit an der Gemeng begruewe ginn, wou se wunnen. Et ginn awer Fäll, wou d’Leit an där Gemeng wëlle begruewe ginn, wou si sech zougehéireg gefillt hunn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Erlaabt d’Gesetz et, dass eng Persoun an enger anerer Gemeng ka begruewe ginn, wéi där wou se wunnt?
Ass et de Gemengen selwer iwwerlooss, ob si eng verstuerwe Persoun aus enger anerer Gemeng op hirem Territoire bäisetze wëllen?
QP Nummer 2683