Kultur
Schlass Weimerech zu Jonglënster
D’Plattform „Luxembourg under Destruction“ huet an engem Post vum 13ten Dezember drop opmierksam gemaach, dass d’Schlass zu Weimerech zu Jonglënster wäert ofgerappt ginn. D’Gebai gouf viru Joren vun der Gemeng kaf an tëschenzäitlech vun der Natur-a Fortsverwaltung (ANF) fir ee symboleschen Euro gelount, mat der Iddi vun enger Ëmnotzung am Kontext vum Naturschutz, déi awer aus Käschtegrënn net ëmgesat gouf. Et stellt ee sech d’Fro, firwat sech hei net Alternativen zum Ofrëss gesicht goufen. An Italien ginn z. B. Haiser fir e symboleschen Euro verkaaft, ënnert der Bedingung, datt d’Keefer sech verflichten, e festgeluechte Montant an d’Restauratioun z’investéieren. Am Ausland ginn historesch Gebaier am ëffentleche Besëtz och iwwert Concoursen un engagéiert Projetdréier weiderginn. D’Commission des sites et monuments nationaux (COSIMO) huet a sengem Avis gemengt: „Dans son état d’origine, l’immeuble a surement été un objet rare et intéressant mais dans son état actuel il ne remplit pas de critères et ne présente aucune valeur patrimoniale qui pourraient justifier une protection nationale.“
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Firwat goufe vu säiten vun der Gemeng oder Staat am Fall vum Schlass Weimerich keng weider Ustrengungen iwwerholl, fir Deeler vum Gebai z’erhalen?
Ginn et Iwwerleeungen oder Ustrengungen beim Kulturministère, fir Modeller, esou wéi se a Frankräich oder Italien fir historesch Gebaier am ëffentleche Besëtz gemaach ginn, zu Lëtzebuerg unzewennen? Falls jo, kann de Minister 3 Beispiller aus der Vergangenheet nennen?
QP Nummer 3376
