Questions parlementaires
Schutz vum Konsumment bei der Reparatur vum Elektroauto
![](https://goergen.lu/wp-content/uploads/2024/07/electric-car-in-charging-station-charging-an-elec-2023-11-27-04-54-06-utc.jpg)
Mir ass zougedroe ginn, datt verschidde Garagen de Besëtzer:innen vun Elektroautoen oder Hybridautoen – fir déi selwecht Aarbechten bei enger Revisioun oder bei enger Reparatur – méi Geld froen ewéi bei Leit, déi mat engem aneren Auto an de Garage kommen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Dierf ee Garage fir Aarbechten, ewéi zum Beispill Filterwiessel, déi bei allen Autoe gläich sinn, d’Besëtzer:innen vun Elektroautoe méi Geld froen?
Dierf ee Garage verschidden Stonneléin fir hir Aarbechter:inne Froen jee no Autostyp?
Wéi steht d’Regierung zu méi Transparenz bei den Garagen duerch eng verflichtent Verëffentlechung vun de Präisser vun hiren Prestatiounen?
QP Nummer 990