Connect with us

Questions parlementaires

Staatlech Déngschtleeschtungen méi no beim Bierger

Bei ville Firmen wees de Konsumment, wat en insgesamt iwwert ee Joer fir Produkter a Servicer ausginn huet. Souguer a Verwaltungen, wéi der Pensiounskeess, kritt de Versécherten all Joer ee Relevé wou hie nokucke kann, wat hien abezuelt huet. Bei der Steierverwaltung kritt een ee Steierbeleeg um Enn vum Joer. myguichet.lu bitt aktuell d’Funktiounen un, dass ee verschidde Relevéeën kann nokucken, esou zum Beispill, wéi vill Loyerssubventiounen ee krut huet oder wéi vill vu sengem Steierkreditt „Bëllegen Akt“ genotzt gouf.  „Staatlech Déngschtleeschtunge méi no beim Bierger“, esou heescht et am Pressecommuniqué vun der Digitaliséierungsministesch vum 1ten Oktober. Fir dem Bierger d’Steiere méi no ze bréngen a se méi verständlech, gräifbar an transparent ze maachen, wier et eng interessant Iddi, dass een eng Iwwersiicht ze hunn, wéi vill Akommessteier a Sozialversécherungsbäitrag een a senger Karriär bezuelt huet a wéi vill Allocatioune vum Staat een an der Vergangenheet ausbezuelt krut, zum Beispill beim Chômage, den Allocations familiales, d’Subvention de loyer, etc.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäerten an deene Jore weider Relevéen op myguichet.lu ze kréie sinn? Falls jo, wéi eng wäerten dat sinn?

  2. Wéi steet d’Regierung zu der Iddi vun enger Iwwersiicht op myguichet.lu, wou de Bierger op ee Bléck informéiert gëtt, wéi vill Steieren hie bezuelt huet a wéi vill Suen hie vum Staat krut huet?

  3. Wier esou eng Iwwersiicht kuerzfristeg ze realiséieren a falls nee, wat misst dofir gemaach ginn a vu wéi enge Ministèren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1278

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert