Questions parlementaires
Bio an de Schoulkantinnen
Den Ausbau vun der Biolandwirtschaft ass wichteg, fir eise Planéit laangfristëg méi nohaltëg ze gestalten. Déi virëg Regieurng hat sech virgeholl, fir d’Biolandwirtschaft massiv auszebauen, wat allerdings an 10 Joren net wierklech gelongen ass. Dat erkläertent Zil am nationalen Plang (PAN Bio 2025), fir 20% vun de lëtzbuergesche Flächen fir d’Biolandwirtschaft ze notzen, wäert net realiséiert ginn. Et geet net ouni de Staat: eng Kritik, déi all Joer erëm opkënnt, ass dass de Staat selwer net genuch mam gudde Beispill virgeet. Esou zum Beispill an de Schoulkantinnen, wou d’Ausschreiwungen net genuch op BIO cibléiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Fläche ginn aktuell fir d’Biolandwirtschaft reservéiert?
Wéi vill Fläche rechent d’Regierung, dass bis Enn 2025 wäerte genotzt ginn?
Wäert d’Regierung der Kritik an de Schoulkantinne Rechnung droen a méi Bioliewensmëttel hei ënnerstëtzen? Falls jo, • wéi vill Geld gëtt heifir méi investéiert an deenen nächste Joren? • wéi soll sech de Prozentsaz u Bio-Liewensmëttel an de Schoulen entwéckelen?
QP Nummer 1244