Connect with us

Questions parlementaires

Diskriminéierung duerch Algorithmen?

De Premierminister a Minister fir Digitaliséierung hat a senger Äntwert op d’Question orale n°72 vum honorabelen Deputéierten Sven Clement vum 19ten November 2019 zum Thema Diskriminéierung duerch Algorithmen geäntwert, dass et bei Prozeduren beim Staat zu kengen Diskriminéierungen fir de Bierger dierft kommen an dass all Bierger gläich behandelt muss ginn. Hie verweist heifir op den Artikel 22 vum europäeschen Dateschutzreglement (RGPD) an och op d’Dokument „Intelligence artificielle: une vision stratégique pour le Luxembourg.“, wou vun enger „Approche centré sur l’humain“ Ried ass a méi präziis steet soguer geschriwwen: 

Le gouvernement entend sensibiliser les citoyens à l’IA et les aider à en acquérir une compréhension plus approfondie, afin qu’ils passent du statut de simples consommateurs passifs à celui d’utilisateurs actifs des produits, services et technologies liés à l’IA. Il importe qu’ils prennent conscience tant de ses potentialités que de ses limites. (Säit 10)

De Bundesverband der Verbraucherzentralen und Verbraucherverbändehuet eng ëmfaassend Analyse zur Uwendung vum RGPD fir Verbraucher gemaach an zitt d’Bilanz, dass bei der algorithmescher Gläichberechtegung aktuell nach Problemer bestinn. Ënnert anerem bemängelt de Verband den Artikel 22 vum RGPD, andeems e schreift: 

Ein großes Manko ist ferner, dass Art. 22 DSGVO keine Qualitätsanforderungen an automatisierte Entscheidungen festschreibt. Solche Qualitätsanforderungen sollten sicherstellen, dass Fehler und Risiken von automatisierten Entscheidungen reduziert werden und dass Verbraucher darauf vertrauen können, dass automatisierten Entscheidungen tatsächlich auf Basis valider Annahmen und Modelle getroffen werden. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Regierung Kenntnis vun de Mängel, déi de Rapport op de Säiten 9, 10 an 11 opwerft? 
    • Falls jo, sinn déi zoustänneg Ministeren der Meenung, dass d’Problematik och Lëtzebuerg betrëfft? 
      • Falls jo, wéi eng Konsequenzen zéien déi zoustänneg Ministeren aus der Analyse?
  2. Gesäit d’Regierung een Ulooss, déi national Gesetzgebung z’adaptéieren, fir d’Mängel, déi am Rapport am Zesummenhang mam RGPD genannt ginn, auszemäerzen?
    • Falls nee a falls d’Regierung plangt de Problem iwwert d’EU-Instanzen ze léisen: Wäert d’Regierung d’Thematik am EU-Ministerrot op den Ordre u Jour stellen?  
      • Falls jo, bis wéini?
Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert