Digitalisatioun & IT
Ëmstellung vum RENITA no der Cyberattack op d’POST

Eisen Telekommunikatiounssecteur huet rezent aussergewéinlech Pannen a kritesch Situatiounen erlieft, sief et déi rezent Cyberattack bei der Post oder och déi gréisser Panne bei Tango de 5ten August. Nieft villen strategesche Froen déi sech am Kader vun dësen Incidente stellen, sollten och Iwwerleeungen iwwert dei technesch Infrastruktur gefouert ginn.Besonnesch d’Roll vum Reseau RENITA (Réseau National Intégré de Radiocommunication), essenziell fir d’Kommunikatioun vun eise Sécherheets- a Rettungsdéngschter zu Lëtzebuerg, muss evaluéiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Plangt d’Regierung kuerz- oder laangfristeg de Reseau RENITA op eng Alternativ ëmzestellen an esou d’Fiabilitéit ze verbesseren ?
Falls dat net de Fall ass, kann d’Regierung präziséieren, wéi ee plangt d’Fiabilitéit, d’Sécherheet an d’Resilienz vun dësem essenziell wichtege Reseau weider ze stäerken ?
Wéi eng Mesurë sinn am Beräich vun der Cybersécherheet an der Kontinuitéit vum Service vun der Kommunikatioun vun eise Sécherheets- a Rettungsdéngschter geholl ginn a kuerzfristeg geplangt, fir änlech Attacken oder Pannen an Zukunft ze evitéieren ?
Wéi rechtfertegt d’Regierung de Recours op privat Operateuren oder och staatlech Entreprisë à but lucratif, wann et ëm kritesch Infrastruktur zu Lëtzebuerg geet ?
Ass d’Couverture vum Reseau, dee fir eis Sécherheets- a Rettungsdéngschter genotzt gëtt, um gesamten Territoire un eisem Land (inklusive de ländleche Géigenden) fiabel assuréiert ?
QP Nummer 2754