Connect with us

Parlamentaresch Froen

Mangel un Dokteren

Lëtzebuerg ass eent vun de räichste Länner op der Welt. Leider bedeit dat net, dass eise Gesondheetssystem op deem Niveau ass, deen e verdéngt.  A verschiddene Beräicher waarden Patienten méintelaang op ee Rendez-vous bei engem Spezialist oder fir eng Rëntgen. Am ländleche Raum muss een oft Kilometere fueren, fir bei ee Spezialist ze kommen.  Am Norde vum Land ginn et wéineg Pediateren, soudass d’Leit oft bis an den CHL op Stroosse musse fueren, wann si ee méi eeschte Fall hunn.  Verschidde Leit musse souguer an d’Ausland fueren, fir kënne behandelt ze ginn, wat et néideg mécht, dass an der Groussregioun méi am medezinesche Beräich misst zesummegeschafft ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch eng Oplëschtung maache mat der Unzuel u Spezialisten, déi hei am Land Medezin exerzéieren?

  2. Wéi huet sechd’Unzuel u Medezinner hei am Land (Generalisten a  Spezialisten zesummen) tëschent 2014 an haut an absolutten Zuelen a prozentual entwéckelt? 

  3. Wéi huet sech d’Bevëlkerungszuel tëschent 2014 an 2024 entwéckelt?

  4. Huet d’Regierung d’Zuelen aus de Froen 1 bis 3 fir d’Groussregioun?

  5. A wéi enge medezinesche Beräicher feelen aktuell Spezialisten hei am Land souwéi an der Groussregioun? 

  6. Wéi wäert dës Penurie geléist ginn, wéi vill Doktere sollen heihinner ugezu ginn a bis wéini wäert dës de Fall sinn? 

  7. Wéi steet d’Regierung zu der Iddi, fir ee Spezialfong anzeriichten (zesummen an der Groussregioun), fir kuerzfristeg kënnen Dokteren, déi am Ausland praktizéieren, an d’Groussregioun unzezéien, bis dass een d’Penurie u Spezialisten an de Grëff kritt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2964

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert