Parlamentaresch Froen
Reeducatioun no Kriibskrankheet
 
																								
												
												
											Mir ass ee Fall zougedroe ginn, vun enger Persoun, déi wéinst engem Gehiertumor operéiert ginn ass, a bis haut keng Reeducatiounsmoossnahmen krut. D’Persoun krut d’Informatioun, dass d’CNS keng Reeducatioun am Ausland méi finanzéiert, well de Centre de Réhabilitation zu Kolpech op onkologesch Reeducatioun spezialiséiert ass. Dës Persoun konnt awer zu Kolpech net opgeholl ginn. Et gouf drop higewisen, dass eventuell de Rehazenter kéint a Fro kommen, mee laut verschiddenen Erfarunge gi besonnesch eeler Leit do nëmme schwéier opgeholl.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- Wéi vill Patient*innen konnten zënter der Ëmstrukturéierung zu Kolpech am Beräich vun der onkologescher Reeducatioun behandelt ginn? 
- Wéi vill Ufroe goufen zeréckgewise, a mat wéi engen Haaptursaachen? 
- Wat geschitt mat de Patient*innen, déi zu Kolpech net opgeholl ginn? Gi si systematesch reorientéiert – a wa jo, a wéi eng Ariichtungen oder Servicer? 
- Wéi vill Leit hu bis elo eng Demande fir Reeducatioun am Zesummenhang mat engem Gehiertumor am Rehazenter agereecht, wéi vill goufen dofir opgeholl, a wéi vill Demande goufen zeréckgewise? 
- Besteet fir Patient*innen, déi eng spezialiséiert Reeducatioun brauchen an hei am Land net kënnen opgeholl ginn, d’Méiglechkeet, eng Traitement am Ausland ze maachen? Gëtt et a sou Fäll Konventiounen oder Accorden tëscht der CNS an auslänneschen Etablissementer? 
QP Nummer 3032

