Mobilitéit
Auslagerung vum TICE u Privatfirmen
Op de soziale Medie beschreiwe verschidde Buschaufferen onsozial an abusiv Aarbechtsbedingungen, déi si bei private Busentreprisen erliewen. Rieds ass vun 12 Stonne Bereetschaft an d’Erfëlle vun Aufgaben, déi net méi am Horaire vum Fuerplang mat agebaut sinn. Dëst zu engem minimale Salaire. Mat der Ofännerung beim TICE wäerten verschidde Linnen op den RGTR an domadder privat entreprisen ausgelaagert ginn (wéi zum Beispill d’Linn 10 zu Monnerech).
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wäerten d’TICE-Linnen zu Diddeleng duerch Privatlinnen ersat ginn?
Wäerten d’Aarbechtsbedingunge vun de Buschaufferen op den aktuellen TICE-Linnen, déi ausgelagert ginn, mat der Privatiséierung vum RGTR erofgoen? Falls nee, wéi stellt d’Ministesch sécher, dass d’Aarbechtsbedingunge bei de Privatfirmen, déi fir den RGTR fueren, genee sou gutt sinn, ewéi beim TICE ?
QP Nummer 3254
