Parlamentaresch Froen
Gëtt ArcelorMittal verstaatlecht?
Dat franséischt Parlament huet de 27ten November ee Gesetz gestëmmt, mat deem ArcelorMittal a Frankräich soll vum Staat iwwerholl ginn. D’Gesetz muss nach vum franséische Senat ugeholl ginn, wou et eng grouss Oppositioun gëtt. Déi franséisch Regierung huet sech géint d’Gesetz vum franséische Parlament ausgeschwat. Esou ee Plang hätt Konsequenze fir Lëtzebuerg, wou Arcelor Mittal säin Haaptsëtz huet.
An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt:
Wéi steet déi lëtzebuergesch Regierung zu der Initiative vum franséische Parlament?
Goufen et Gespréicher mat der franséischer Regierung iwwert dës Nationaliséierung duerch Frankräich?
Wat fir eng direkt Auswierkungen huet dat franséischt Gesetz vun der Nationaliséierung elo direkt op Lëtzebuerg?
Géif Lëtzebuerg och eng Nationaliséierung vum Siège oder eng Filial duerchféieren, falls de franséische Staat säi Gesetz duerchzitt?
n°285
Bildquell: https://commons.wikimedia.org/wiki/File:Belval,_Luxembourg,_seen_from_the_West_2013-08.JPG
