Questions parlementaires
Ausbau vum Uerschterhaff Suessem – Nofro
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt bekannt“ wier. Dës Äntwert léisst awer nach verschidde Froen op. Et zirkuléiere Informatiounen an der Gemeng, dass op dëser Plaz ee Schéissstand oder ee Centre commercial kéinte gebaut ginn. D’Informatiounen um Geoportail weisen, dass d’Terrainen op dëser Plaz dem Staat souwéi der Gemeng Suessem gehéieren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Leien der Regierung Informatiounen iwwer Projeten op de staatlechen oder net-staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem vir a falls jo, wéi eng?
Gouf d’Regierung oder ee vun de concernéierte Ministèren am Kontext vu Projeten op dësen Terraine kontaktéiert a falls jo, vu wiem a fir wéi eng Projeten?
QP Nummer 4129
