Questions parlementaires
Wat maachen wann de Führerschäin an der Vakanz ofgleaf ass
Bei der Erneierung vu Führerschäiner mussen d’Bierger:innen a verschiddene Fäll medezinesch Attester, Dokumenter an aner Piècen areechen an och noreeche mussen, wann de Ministère dëst freet. Wann esou Nofuerderunge kuerz virum Oflaf vum Führerschäi geschéien, kann dat fir déi betraffe Persounen zu enger onsécherer Situatioun féieren. Grad elo an der Summervakanz si vill Leit net am Land a riskéiere mat engem ofgelafene Führerschäin an hirer Vakanz ze stranden.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Ginn d’Bierger:innen am Ufank vun der Prozedur systematesch an individuell doriwwer informéiert, wéi eng Dokumenter an Piècen fir d’Erneierung vun hirem Führerschäin néideg sinn?
Wéi eng provisoresch Léisungen existéieren, wann e Führerschäin kuerz virum Oflaf steet an den Dossier nach net ofgeschloss ass, obwuel déi ugefrote Piècen am Delai agereecht goufen?
QP Nummer 4544
