Connect with us

Questions parlementaires

Verantwortung am Fall vu mësslongenge Gemengefinanzen

An der Déifferdenger Gemeng ass et zu engem Bedruchsfall komm bei engem Bauprojet, bei deem 400.000€ op ee falsche Konto iwwerwise goufen.  Hei stellt sech d’Fro, wéi eng Kontrollmechanismen op kommunalem Niveau gegraff hunn a wéi déi rechtlech a politesch Verantwortung vum Schäfferot, Buergermeeschter ze bewäerten ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Inneminister erklären, wéi eng rechtlech Verantwortung e Schäfferot an esou engem Fall dréit, wann e Mandat de paiement ënnerschriwwe gëtt, dat spéiderhin als feelerhaft oder net gerechtfäerdegt erausstellt?

  2. Wéi eng konkret Kontrollflichte hunn déi politesch Verantwortlech vun der Gemeng éier si oder hir Beamten ee Mandat de paiement ënnerschreiwen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4851

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert