Connect with us

Questions parlementaires

Iwwerhuele vu Steierscholden duerch d’Sozialhëllef – Nofro

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n° 89 hat de Familljeminister erkläert, datt en Office social bei enger Steierschold Hëllef accordéiere kann. Dës Hëllef kann a Form vun engem secours financier accordéiert ginn, deen net zeréckbezuelt muss ginn. D’Sozialhëllef soll eng Persoun an enger schwiereger finanzieller Situatioun ënnerstëtzen an et hir erlaben, fir do erëm erauszekommen a finanziell onofhängeg ze ginn. Et ass awer kritesch ze bewäerten, wann een Office Social Steierscholden mat ëffentleche Suen vum Steierzueler ganz iwwerhëllt an ofbezillt. Grad well dës Persoun schonns Suen krut an hiren Deel u Steieren dovunner soll ofginn, esou wéi jiddereen Aneren an eiser Gesellschaft.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Gesetz vum 18te Dezember 2009 iwwer d’Sozialhëllef esou auszeleeën, datt en Office Social d’Steierschold vun enger Persoun, déi REVIS bezitt, iwwerhuele kann, wann dës Schold duerch eng steierflichteg Leeschtung am Kader vum REVIS entstanen ass? 

  2. Wäert d’Regierung mat den Office Socialen klären, ënner wéi enge Konditiounen d’Hëllef bei Steierscholden dierf accordéiert ginn a wéini eng Remboursementsflicht virgesi soll ginn?  Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4833

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert