Indemnitéite beim CGDIS – Nofro n°3

A menge parlamentaresche Froen n°429, 971, 1859 hat ech mech, op Basis vun Informatiounen, déi vu Fräiwëllege beim CGDIS u mech erugedroe goufen, iwwert feelend Ausbezuelunge vun den Indemnitéite bei der Ministesch informéiert. Op d’Fro n°971 hat d’Ministesch geäntwert, datt ee groussen Deel vun den Indemnitéite fir d’Permanencen an d’Gardë vum zweete Semester 2018 tëschent de Méint Februar an Abrëll um Kont vun de Pompjeeë gelant waren. D’Iwwerweisunge waren tëschent dem 26te Februar an dem 13te Mee 2019 gebucht ginn. D’Ministesch hat an der leschter Äntwert geschriwwen, datt op den 31te Mäerz 2020 sämtlech Indemnisatioune fir d’Joer 2019 ausbezuelt goufen. Mir gouf awer elo erëm zougedroen, datt d’Indemnitéite fir d’Asätz aus der Period vum 1/7/2018 bis den 31/12/2019 nach ëmmer net ausbezuelt goufen an dat fir d’Fräiwëlleger a mindestens engem Zentrum hei am Land.  Fir dee nämmleschten Zenter goufen och d’Indemnitéiten fir d’Permanencen (Status 2) fir d’Period vum 1/1/2020 bis den 30/6/2020 nach net ausbezuelt. D’Ministesch hat op meng Fro n°971 geäntwert, datt et net ausgeschloss wär, dat verschidden Indemnitéite bei enger klenger Unzuel vun Zentren eréischt méi spéit um Konto waren, doduerch, dass et um Niveau vun den Tableauen, déi hu missten ausgefëllt ginn, zu Retarde koum oder, well Fräiwëlleger falsch Kontosnummeren uginn haten. An dësem Fall gouf eis awer confirméiert, dat d’Kontosnummeren a besotem Zenter all richteg ugi gi wären.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et méiglech, datt d’Indemnitéit fir d’Asätz fir d’Period vum 1/7/2018 – 31/12/2019 a verschiddenen Zenteren nach net bezuelt gouf? Wat kéinten d’Grënn dofir sinn?

  2. Ass et méiglech, datt d’Indemnitéit fir d’Permancen (Status 2) fir d’Period vum 1/1/2020 – 30/6/2020 a verschiddenen Zenteren nach net bezuelt gouf? Wat kéinten d’Grënn dofir sinn?

  3. Kann d’Ministesch wann ech gelift déi nämmlecht Oplëschtung aus der Äntwert op d’Fro n°1859 (Fro 1) fir d’Joren 2018 an 2019 reproduzéieren?

  4. D’Fräiwëlleger a besotenem Zenter bekloen sech allgemeng, nieft verspéideten Ausbezuelungen, iwwert d’Ëmsetzung vun der Reform vum CGDIS, bei där si sech ausgestouss fillen. Sinn d’Responsabel vum CGDIS sech der Gefillslag vun de Fräiwëllege bewosst? 

  5. Wéi evaluéiert d’Ministesch d’vertikal Kommunikatioun an der Hierarchie vum CGDIS?

  6. Existéiert een anonymme Feedbacksystem am CGDIS, wou Membere Kriticken oppen an éierlech un d’Direktioun kënne weiderginn an op déi d’Direktioun ëffentlech Stellung bezéihe kann? Falls nee, wär et net un der Zäit, esou ee System opzestellen?

  7. An der Äntwert op d’Fro Nummer 429 hat d’Ministesch ënnerstrach, datt de Rettungsdéngscht ouni di vill Fräiwëlleger net kéint funktionéieren. D’Ministesch hat an der Äntwert och geschriwwen, datt et fir d’Regierung évident ass, déi geleeschten Aarbecht och an Zukunft beschtméiglechst ze promovéieren an ze honoréieren. Et sollt een och net vergiessen, dass grad elo wärend der Coronapandemie vill Fräiwëlleger weiderhin am Asaz fir eis Biergerinnen a Bierger waren. Wär et an dëser Legislaturperiod net un der Zäit, de Benevolat, virun allem bei de Rettungsdéngschter, besser ze honoréieren, andeems d’Primm fir d’Permanencë vun 1€/Stonn erhéicht géife ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2723

Putsch am Mali

Am Mali koum et hënt zu engem Putsch vun der Arméi, woubäi de Präsident vun der aktueller malescher Regierung zeréckgetrueden ass. D’Putschisten haten ugekënnegt Neiwalen ofzehalen an di bestoend international Traitéen ze respektéieren. Zënter 2015 ass och d’EU militäresch am Mali aktiv, fir d’bannenzeg Sécherheet am Mali ze ënnerstëtzen an d’Sécherheetsreforme vun der malescher Regierung ze ënnerstëtzen. An der sougenannter Mission Civile EUCAP Sahel Mali huelen och zwee Lëtzebuerger Zaldoten deel, déi potenziell tëscht Fronte kéinte geroden.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet sech d’Risikolag fir eis Zaldoten am Mali ënnert der d’EUCAP Sahel Missioun verännert? 

  2. Plangt d’Regierung fir eis Zaldoten ze rapatriéieren oder op der Plaz ze loossen? Falls d’Zaldote sollten am Mali bleiwen, wéi eng zousätzlech Sécherheetsmoossname gi getraff?

  3. Huet de Minister Kenntniss dovunner wien am Moment am Mali d’Kontroll ausüübt?

  4. Wéi ass d’Positioun vu Lëtzebuerg par Rapport zum presuméierte Putsch-Versuch am Mali?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2683

Subventiounen vu Gemengen am Kader vun der Covid-19-Pandemie

Verschidde Gemengen hunn am Kader vun der Covid-19-Pandemie ee Programm opgestallt, fir iwwert d’Hëllefe vum Staat eraus weider Subventiounen un déi lokal Betriber ze verdeelen. Als Beispill: d’Gemeng Lëtzebuerg huet an hierem Gemengereglement ee “subside unique forfaitaire en faveur des commerces établis sur le territoire de la Ville de Luxembourg” agefouert.  Wärenddeem hunn aner Gemengen decidéiert punktuell Hëllefen fir eenzel Betriber opzestellen. Verschidde Gemengen hunn esou zum Beispill deenen Entreprisen, déi Lokalitéite vun der Gemeng lounen, eng Reduktioun, voire een Erlooss vum Loyer accordéiert. An der Circulaire n° 3847 vum Inneministère un d’Gemenge schreift d’Inneministesch: “”La législation communale ne s’oppose pas à des mesures pareilles qui s’inscrivent dans les compétences du conseil communal auquel il appartient de régler tout ce qui est d’intérêt communal en vertu de l’article 28 de la loi communale modifiée du 13 décembre 1988. L’intérêt communal se définit communément comme comportant le nécessaire, l’utile et l’agréable de la collectivité locale. Il appartient dès lors au conseil communal de vérifier si les mesures de soutien financier qu’il envisage, rentrent dans sa compétence et comportent un intérêt pour la collectivité. Le cas échéant le conseil tiendra compte de ces critères pour déterminer les commerces, les entreprises ou les activités économiques éligibles.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Approche vu selektiven Hëllefen un eng limitéiert Zuehl vu Betriber konform mam Prinzipp, deen d’Ministesch an der Circulaire nennt (“L’intérêt communal se définit communément comme comportant le nécessaire, l’utile et l’agréable de la collectivité locale.”), wann ee weess, datt d’Hëllef nëmme verschiddenen Entreprisen zegutt kënnt an net der Allgemengheet?

  2. Wéi eng Krittäre sinn entscheedend, fir datt d’Hëllefen dem Prinzip vum “intérêt communal” entspriechen? 

  3. Missten d’Gemengeresponsabel virum Accord vu selektiven Hëllefen net och d’Situatioun vun der Entreprise op Basis vum Bilan, Finanzsituatioun a Maartundeel evaluéieren?

  4. Däerf d’Gemeng no Loscht a Laun d’Montante fir d’Hëllefe festleeën?

  5. Stelle selektiv Hëllefen (wéi zum Beispill eng Reduktioun vum Loyer fir eenzel Entreprisen) eng Verzerrung vun der Konkurrenz duer, wëssend, datt aner Entreprisen eidel aus esou enger Decisioun erausginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2666

Personal vum Grand-Duc zu Cabasson – Nofro

Am Uschloss vu menger parlamentarescher Fro n°2573 iwwert d’Summerresidenz vum Grand-Duc zu Cabasson wëll ech e puer Nofroe stellen zu der Roll vum Personal a vun der Police, déi d’Sécherheet vum Grand-Duc assuréiert. Ech präziséieren, datt et sech bei folgende Froen net ëm Detailer zu organisatoreschen oder sécherheetsrelevante Punkten handelt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung garantéieren, datt d’Aarbechts– a Rouhzäite vun de Polizisten, Beamten an Employéen zu Cabasson respektéiert ginn an am Aklang mat de legalen Dispositiounen zu Lëtzebuerg sinn a kann d’Regierung ausschléissen, datt d’Personal zu Cabasson méi Stonne schaffe muss, wéi an de Gesetzer an a Gewerkschaftsaccorde festgehale sinn?

  2. Wéi ee Status hunn d’Polizisten, déi de Grand-Duc zu Cabasson beschützen? Wéi sinn d’Pouvoire vun der Policeeskorte vum Grand-Duc zu Cabasson gereegelt? Anescht gefrot: däerfen d’Polizisten zu Cabasson Infraktioune feststellen an zum Beispill Leit festhuelen oder protokolléieren?

  3. Des Weidere wëll ech wëssen, ob den Terrain zu Cabasson och bewaacht ass an ob Personal dohanne schafft, wann de Grand-Duc net do present ass? 

  4. Wéi eng Posten aus dem Staatsbudget si fir den Ënnerhalt vun der Residenz vum Grand-Duc zu Cabasson virgesinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2662

Territoriale Status vu Cabasson?

Am Summer ass de Grand-Duc traditionell zu Cabasson. Vun do aus setzt de Grand-Duc och seng Ënnerschrëft ënnert offiziell Dokumenter a Gesetzesprojeten. Engem Artikel vun LCI France no, geet d’Presenz vum Grand-Duc zu Cabasson op d’Zäit nom zweete Weltkrich zeréck. De Generol Charles de Gaulle hat der Grand-Duchesse Charlotte, respektiv Lëtzebuerg, Cabasson deemools zougestanen. Och de Figaro beschreiwt an engem Online-Artikel vum 26te Juli 2019 d’Tour Sarrazine zu Cabasson als lëtzebuergesch Proprietéit: “”Pour se rendre au fort de Brégançon ce week-end, le président de la République empruntera le seul et unique accès: une propriété du grand-duché du Luxembourg. Depuis 1949, le petit État européen est en effet propriétaire de la tour Sarrazine. Cette grande maison est située à Cabasson (près de Bormes-les-Mimosas, dans le Var) en face du fort et dans laquelle la famille ducale aime se rendre chaque été.”” Onkloer ass, zu wéi engem Territoire Cabasson gehéiert, respektiv ob dëst klengt Paradäis Privatbesëtz vun der groussherzoglecher Famill ass oder vum lëtzebuergesche Staat.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Existéiere Piècen, déi beleeën, datt d’Cour Grand-Ducale oder de lëtzebuergesche Staat den Territoire zu Cabasson vu Frankräich zougesprach krut? Falls jo, ëm wéi eng Dokumenter handelt et sech a wou kann een dës Dokumenter fannen?

  2. Ass den Territoire zu Cabasson franséischen oder lëtzebuergeschen Territoire? 

  3. Den Artikel 44 vun eiser Verfassung gesäit vir: “”Le Palais Grand-Ducal à Luxembourg et le Château de Berg sont réservés à l’habitation du Grand-Duc.”” Misst den Territoire zu Cabasson net hei opgelëscht sinn, wëssend, datt et Grand-Duc sech ëm déi traditionell Summerresidenz vum Grand-Duc handelt?

  4. Existéieren Piècen, déi beleeën, datt de Lëtzebuerger Staat den Territoire vu Cabasson vu Frankräich zougesprach krut? Falls jo, wou kann een dës Dokumenter fannen?

  5. Wéi een nationaalt Recht gëllt op deem besotem Territoire zu Cabasson – dat lëtzebuergescht oder dat franséischt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2661

Failliten bedéngt duerch d’Covid-19-Pandemie

Nodeems d’Joer 2019 méi Faillitte wéi d’Virjoer opzeweisen hat (ee Wort-Artikel vum 13te Januar 2020 hat doriwwer beriicht) huet d’Coronapandemie dëst Joer sécherlech säin Deel dozou bäigedroen, dass d’Unzuel vun de Faillitte par Rapport zu de Virjoren sech verännert 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Firmen hunn zënter dem Ufank vun der Sars-Cov-2-Pandemie eng Faillite deklaréiert a géint wéi vill Firme gouf zënter dem Ufank vun der Pandemie eng Faillite vum zoustännege Geriicht ausgesprach?

  2. Wéi eng Secteuren sinn dëst Joer, am Verglach zu anere Joren, am meeschte vu Faillite betraff?

  3. Wéi vill nei Societéite goufe säit dem Ufank vun der Pandemie gegrënnt? A wéi enge Secteure goufen dës Firme gegrënnt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2647

Kriticke vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot

An engem Communiqué vum 11ten August 2020 huet de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot der Immigratiounsdirektioun hefteg Reproche gemaach, datt si géint d’Asylrecht géif verstoussen. De Rot reprochéiert, datt Demandeure keng Attestatioun géife kréien, datt sihier Demande op eng international Protektioun gemaach hunn. Dës Weidere géifen d’Demandeuren, ier sieng Demande de Protection internationale géife maachen, reegelrecht intimidéiert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Besëtzt de Minister Kenntnis vun de Reprochë vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot? 

  2. Kann de Minister de Wourechtsgehalt vun de Reprochë confirméieren? Falls jo, wéi wäert de Minister reagéieren, datt d’Prozedure vum Asylrecht agehale ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2647

Waasserverbrauch Summer 2020

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°2152 hat d’Regierung Auskonft iwwert d’Drénkwaasserreserven zu Lëtzebuerg ginn. Duerch Coronapandemie verreese manner Leit dëst Joer an et ass dovunner auszegoen, dass de Waasserverbrauch elo an de Summerméint, speziell an dëser Hëtztwell, an d’Luucht geet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister fir Tourismus chiffréieren, wéi vill Persounen hei am Land dëst Joer net wäerten an aner Länner verreesen?

  2. Opgeschlësselt no Mount, wéi héich war de Waasserverbrauch zu Lëtzebuerg zënter Januar? 

  3. Wéi huet sech de Waasserverbrauch, opgeschlësselt no Mount, am Verglach zu de selwechte Méint an de Joren 2018 an 2019 entwéckelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2645

Ass Lëtzebuerg fir eng atomwaffefräi Welt?

De 6ten August gouf zu Lëtzebuerg eng Commemoratiounsfeier gehalen, fir un deen Dag ze gedenken, un deem viru 75 Joer d’USA zwou Atombommen op déi japanesch Stied Nagasaki an Hiroshima geworf hunn. Honnertdausende Mënsche ware bei dësem Ugrëff a sengen Nofollege gestuerwen.  Obwuel d’Mënschheet sech den desastréise Konsequenze bewosst ass, déi den Asaz vun Atombomme beinhalten, sou besëtzen hautzedaags nach ëmmer eng Rei Länner Atomwaffen. Viru Jorzéngten gouf dofir den Atomwaffesperrvertrag opgestallt, deen och Lëtzebuerg mat ënnerzeechent huet.  Des Weideren existéiert awer och de sougenanntenen Atomwaffeverbuetsvertrag (ICAN), deen ee komplett Verbuet vun Atomwaffe virgesäit:  “”It prohibits nations from developing, testing, producing, manufacturing, transferring, possessing, stockpiling, using or threatening to use nuclear weapons, or allowing nuclear weapons to be stationed on their territory. It also prohibits them from assisting, encouraging or inducing anyoneto engage in any of these activities.” (Source: https://www.icanw.org/the_treaty)” Ma dësen Traité huet eist Land bis ewell net ënnerschriwwen, obwuel de Wëllen an der Zivilgesellschaft wéi och um politeschen Niveau do ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert d’Regierung den ICAN-Vertrag an dëser Legislatur ënnerschreiwen? Falls jo, bis wéini? Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2632

Explosioun zu Beirut – wäert eis Regierung dem Libanon zur Säit stoen?

Zu Beirut sinn 100 Mënschen no enger Explosioun vun enger Lagerhal ëm d’Liewe komm. Weider 4000 Mënsche goufe verletzt. D’Land ass am Ausnamezoustand an d’Situatioun ass, de Berichter vu verschiddene Medien no, katastrophal.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert d’lëtzebuergesch Regierung dem Libanon an iergendenger Form hëllefen? Falls jo, wat gëtt gemaach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2626