Schléissunge vu Gemengen duerch de Covid-19

Duerch déi nei Hausse vun de Covid-19-Neiinfektioune ginn och d’Gemengen ëmmer méi an hirem Fonctionnement beanträchtegt, entweder, well d’Gemengepersonal oder politesch Vertrieder positiv op de Covid-19 getest ginn oder, well si präventiv a Quarantän musse goen. An der Gemeng Réimech, zum Beispill, gouf virun e puer Wochen ee Gemengerot ofgesot, well 2 Persounen am Gemengenhaus positiv op de Coronavirus getest goufen. Dës Weideren, gouf d’Gemengenhaus fir eng Zäit zougemaach. 

Wann de Gemengeservice muss zoumaachen, si vill Biergerinnen a Bierger an der jeeweileger Gemeng betraff, well si hier Demarchen net kënne maachen. Och verschidden Decisiounen, déi eng Gemeng nëmmen duerch de Vott vum Gemengerot huele kann, ginn op onbestëmmten Zäit ausgesat, wann dorobber gewaart gëtt, datt de Gemengerot physesch kann zesummekommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gëtt aktuell séchergestallt, datt d’Gemengen all hier Servicer weider kënnen ubidden, och wann se Covid-bedéngt hier Diere muss zoumaachen?

  2. Wat d’Gemengerotssëtzunge betrëfft, wär et net endlech un der Zäit, datt d’Schäfferéit de Gemengeconseilleren de gesamten Ordre du Jour am legalen Delai vu 5 Deeg an digitaler Form (zum Beispill iwwert de SIGI-Drive) zoukomme loossen an och Gebrauch maache vun der Videokonferenz déi duerch d’ofgeännert Gesetz vum 24te Juni 2020, erlaabt gouf? Ass d’Ministesch der Meenung, datt méi Gemengen op den digitale Wee misste goen?

  3. Aktuell ass et nach Usus, dass d’Deliberatiounen am Gemengerot ënnert Papeierform ronderëm gereecht a vun de Gemengeconseilleren ënnerschriwwe ginn, wat d’Infektiounsgefor duerch de Kontakt tëschent de Persounen erhéicht. Ass et der Ministesch no méiglech, dass d’Ënnerschrëften aktuell scho kéinten digital op d’Dokumenter opgedroe ginn (no den eIDAS-Krittären), wann ee Gemengerot iwwer Videokonferenz stattfënnt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3115

Schléissunge vu Gemengen duerch de Covid-19

Duerch déi nei Hausse vun de Covid-19-Neiinfektioune ginn och d’Gemengen ëmmer méi an hirem Fonctionnement beanträchtegt, entweder, well d’Gemengepersonal oder politesch Vertrieder positiv op de Covid-19 getest ginn oder, well si präventiv a Quarantän musse goen. An der Gemeng Réimech, zum Beispill, gouf virun e puer Wochen ee Gemengerot ofgesot, well 2 Persounen am Gemengenhaus positiv op de Coronavirus getest goufen. Dës Weideren, gouf d’Gemengenhaus fir eng Zäit zougemaach.  Wann de Gemengeservice muss zoumaachen, si vill Biergerinnen a Bierger an der jeeweileger Gemeng betraff, well si hier Demarchen net kënne maachen. Och verschidden Decisiounen, déi eng Gemeng nëmmen duerch de Vott vum Gemengerot huele kann, ginn op onbestëmmten Zäit ausgesat, wann dorobber gewaart gëtt, datt de Gemengerot physesch kann zesummekommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gëtt aktuell séchergestallt, datt d’Gemengen all hier Servicer weider kënnen ubidden, och wann se Covid-bedéngt hier Diere muss zoumaachen?

  2. Wat d’Gemengerotssëtzunge betrëfft, wär et net endlech un der Zäit, datt d’Schäfferéit de Gemengeconseilleren de gesamten Ordre du Jour am legalen Delai vu 5 Deeg an digitaler Form (zum Beispill iwwert de SIGI-Drive) zoukomme loossen an och Gebrauch maache vun der Videokonferenz déi duerch d’ofgeännert Gesetz vum 24te Juni 2020, erlaabt gouf? Ass d’Ministesch der Meenung, datt méi Gemengen op den digitale Wee misste goen?

  3. Aktuell ass et nach Usus, dass d’Deliberatiounen am Gemengerot ënnert Papeierform ronderëm gereecht a vun de Gemengeconseilleren ënnerschriwwe ginn, wat d’Infektiounsgefor duerch de Kontakt tëschent de Persounen erhéicht. Ass et der Ministesch no méiglech, dass d’Ënnerschrëften aktuell scho kéinten digital op d’Dokumenter opgedroe ginn (no den eIDAS-Krittären), wann ee Gemengerot iwwer Videokonferenz stattfënnt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3115

Auswierkungen vum Covid-19 op den ëffentlechen Transport

Zënter Woche kämpft eist Land mat erhéichtenen Infektiounszuelen, wouduerch vill Leit sech fir de Moment a Quarantän befannen. Eleng an der Woch vum 28.10 op de 4.11 waren et méi wéi 8’000 Persounen. Duerch d’Covid-19-Erkrankungen an Quarantän-Moossname feelt och am ëffentlechen Transport aktuell Personal.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn am Mount Oktober méi Zich ausgefall, ewéi an normalen Zäiten?

  2. Sinn am Mount Oktober, méi Bussen ausgefall, ewéi an normalen Zäiten?

  3. Sinn am Mount Oktober, méi Trammen ausgefall, ewéi an normalen Zäiten?

  4. Wéi vill Verspéidungen an Ausfäll sinn op feelend Personal zréck ze féieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3116

Cotisatiounen un Centres de compétences

Duerch een Accord tëscht der Fédération des Artisans, dem OGBL an dem LCGB gouf 2015 an engem Règlement grand-ducal festgehalen, dass 0,5% vun der Masse salariale annuelle un d’Centres de compétences bezuelt gëtt, fir esou Formatioune fir d’Handwierksbetriber ze finanzéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Verschidde Formatioune gi vun de Centre de compétences proposéiert, am Endeffekt dann awer net organiséiert, wëll eng gewëssen Unzuel u Participanten net erreecht ka ginn.

• Wat ass d’Mindestzuel un Léit, déi sech musse mëllen, fir dass eng Formatioun organiséiert gëtt?

• Wéi steet de Minister zu der Iddi, dass verschidde Formatiounen, och wann se déi néideg Unzuel u Participanten net erreechen, no enger gewëssen Zäitspan awer organiséiert ginn, falls sech eenzel Léit ëmmer erëm fir dës Formatiounen ageschriwwen hunn?

  1. Zum Neistart Lëtzebuerg gehéiert och een ökologesche Volet. Esou solle Privatléit vu méi héije Subventioune kënne profitéieren, wann si d’Energieklass vun hirem d’Haus oder hier Wunneng wëllen opbesseren, zum Beispill duerch eng verbessert Isolatioun. Ginn an dësem Kader scho Formatioune fir Handwierksbetriber organiséiert?  Falls jo, wéi eng? Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3106

Sécherheetsofstand a Schoulkantinnen

Déi néi Covid-Mesuren déi säit dem 30.10 a Kraaft sinn, schreiwe vir dass bei Rassemblementer vun tëscht 10 an 100 Persounen, dës Persoune souwuel eng Mask mussen unhunn an mindestens och 2 Meter Ofstand hale mussen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. A Schoul- a Lycéeskantinnen, mussen d’Schüler keng Masken unhunn, wann si um Dësch setzen. An ville Kantinnen ass et awer schwéier fir 2 Meter Ofstand ze halen. 

Wat fir Recommandatiounen huet de Minister un d’Schoulen an un d’Lycéeën, zum Thema Kantinnen eraus ginn?

Sinn an den Kantinne genuch Sëtzplazen, fir dass all d’Schüler sech kënnen a Gruppe vu maximal 4 opdeelen a gläichzäiteg de Sécherheetsofstand vun 2 Meter respektéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3091

Sécherheetsofstand a Schoulkantinnen

Déi néi Covid-Mesuren déi säit dem 30.10 a Kraaft sinn, schreiwe vir dass bei Rassemblementer vun tëscht 10 an 100 Persounen, dës Persoune souwuel eng Mask mussen unhunn an mindestens och 2 Meter Ofstand hale mussen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. A Schoul- a Lycéeskantinnen, mussen d’Schüler keng Masken unhunn, wann si um Dësch setzen. An ville Kantinnen ass et awer schwéier fir 2 Meter Ofstand ze halen.  Wat fir Recommandatiounen huet de Minister un d’Schoulen an un d’Lycéeën, zum Thema Kantinnen eraus ginn? Sinn an den Kantinne genuch Sëtzplazen, fir dass all d’Schüler sech kënnen a Gruppe vu maximal 4 opdeelen a gläichzäiteg de Sécherheetsofstand vun 2 Meter respektéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3091

Invitationen fir den Large Scale Testing

An enger zweeter Phase vum Large Scale Testing, géif méi cibléiert getest ginn, sot d’Gesondheetsministesch. Ënnert anerem, solle Beruffsgruppen, déi am Alldag mat besonnesch ville Léit a Kontakt sinn, méi oft invitéiert ginn, um Large Scale Testing deelzehuelen. “Le deuxième contingent sera constitué de la « population d’individus particulièrement exposés », en raison de sa vulnérabilité ou de son haut risque d’exposition.” U mech ass d’Informatiounen erugedroe ginn, dass d’Personal am Bildungssecteur säit dem Schoulufank manner Invitatioune geschéckt kritt hätt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Huet d’Zuel vun den Invitatiounen, déi u Persounen aus dem Bildungswiese geschéckt goufen, sech säit dem 15.09.2020 verännert?  Falls jo, wéi vill Tester sinn, 

• virum 14.09 wöchentlech un dës Persoune gescheckt ginn?

• vum 14.09 bis den 4.10 wöchentlech un dës Persoune gescheckt ginn?

• vum 5.10 bis den 1.11 wöchentlech un dës Persoune gescheckt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3084

Parkaueren wärend der Covid-19-Pandemie

Verschiddenen Etüden no kann de Sars-Cov-2 bis zu 9 Deeg op Uewerflächen aus Plastik, Glas oder Metall iwwerliewen. Dëst bedeit, datt de Virus dobaussen op eise Stroossen a fir méi präzis ze sinn, op eise Parkingen, präsent ka sinn. D’Parkaueren, bei deenen d’Armaturen jo meeschtens aus Plastik oder Metall sinn, funktionnéieren ganz gutt als “Brutkasten” vun esou Viren, well hei honnerten Leit pro Dag mat den Hänn dru ginn.  Bei verschiddene Parkaueren, bei deenen de Benotzer souguer seng Nummereplack muss op eng Tastatur aginn, ass d’Kontaktzäit tëschent den Hänn an der net desinfizéierter Uewerfläch oft nach méi laang. D’Risiken, sech de Virus also vun enger Parkauer matzehuelen, si ginn, ëmsou méi, wann sech bei verschiddene Parkauere Schlaange vu Leit bilden, fir ze bezuelen. Net jiddereen huet ëmmer een Desinfektiounsgel am Auto, soudatt een dann eben mat de potenziell infektiéisen Hänn aner Uewerflächen kontaminéiere kéint.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et ugesiichts vun der Covid-19-Pandemie aktuell recommendabel, datt d’Leit Parkaueren benotze sollen?

  2. Wär et net sënnvoll, bei de Parkaueren, wou een d’Nummereplaque vum Auto muss aginn, dës Funktioun bis op Weideres ze deaktivéieren?

  3. Wär et net sënnvoll, dass bei all Parkauer och direkt een Difenktiounsgel disponibel wär? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3085

Invitationen fir den Large Scale Testing

An enger zweeter Phase vum Large Scale Testing, géif méi cibléiert getest ginn, sot d’Gesondheetsministesch. Ënnert anerem, solle Beruffsgruppen, déi am Alldag mat besonnesch ville Léit a Kontakt sinn, méi oft invitéiert ginn, um Large Scale Testing deelzehuelen. “Le deuxième contingent sera constitué de la « population d’individus particulièrement exposés », en raison de sa vulnérabilité ou de son haut risque d’exposition.” U mech ass d’Informatiounen erugedroe ginn, dass d’Personal am Bildungssecteur säit dem Schoulufank manner Invitatioune geschéckt kritt hätt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Huet d’Zuel vun den Invitatiounen, déi u Persounen aus dem Bildungswiese geschéckt goufen, sech säit dem 15.09.2020 verännert?  Falls jo, wéi vill Tester sinn,  • virum 14.09 wöchentlech un dës Persoune gescheckt ginn? • vum 14.09 bis den 4.10 wöchentlech un dës Persoune gescheckt ginn? • vum 5.10 bis den 1.11 wöchentlech un dës Persoune gescheckt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3084

Covid-Teststatioun zu Péiteng

Déi nächste Woche sollen op verschidde Platzen am Land, zousätzlech Covid-Teststatiounen opgemaach ginn. Esou soll, zum Beispill, d’nächst Woch een néien Drive-in Zenter zu Stoossen opgoen. Duerch dës Mesure sollen d’Waardezäite fir d’Covid-Tester reduzéiert ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ronderëm d’Gemeng Péiteng wunnen ëm déi 50’000 Mënschen. D’Gemeng läit un der Belscher a Franséischer Grenz, wat och eng Chance op ee verkierzte Wee bei eng Teststatioun fir d’Frontaliere géing bedeiten. Dobäi kënnt, dass et mam Site vum Projet Carena (Autokino) an der rue Eucosider, eng grouss fräiräumeg Platz gëtt, wou esou eng Teststatioun genuch Platz hätt.   Wat fir eng Positioun vertrëtt d’Madamm Ministesch vis-à-vis vun enger zousätzlecher Teststatioun zu Péiteng?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3080