SDK am Gemengesecteur

Vill Gemengen hei am Land gräife fir d’Offallmanagement op d’Servicer vun der SuperDreckskëscht (SDK)zeréck, enger staatlecher Aktioun an Hand vun enger Privatfirma. Reporter.lu schreift an engem Artikel vum 15te Februar Folgendes: “Rund 20 Berater der SuperDrecksKëscht beraten kostenlos Firmen, Gemeinden und Privatleute in Abfallfragen. Bezahlt werden auch sie vom Staat. Angestellt sind sie jedoch bei der Firma Oeko-Service. Unabhängige Umweltberater hingegen erhalten keine Unterstützung und müssen Gemeinden und Firmen ihre Dienstleistung in Rechnung stellen. Im Konkurrenzkampf mit der SuperDrecksKëscht sind sie also quasi chancenlos.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Servicer bitt SDK de Gemengen insgesamt un a wéi eng Servicer huelen d’Gemengen am meeschten an Usproch, bzw. fir wéi eng Servicer ginn am meeschte Suen ausginn?

  2. Ginn d’Käschte vun de Beroder vun der Superdreckskëscht direkt vum Staat iwwerholl? 

  3. Kënnen och d’Käschte vun anere Beroder, déi de Gemengen am Ëmwelt- an Offall-Froen zur Säit stinn, direkt vum Staat iwwerholl ginn?

  4. Wéi eng Gemenge gräifen net op d’Servicer vun der SDK zeréck?

Vum Staat geschützte Marken

An deem vum 15te Februar 2021 vu reporter.lu verëffentlechten Artikel “Das System SuperDrecksKëscht” gëtt den Direkter vun der Ëmweltverwaltung mat de Wierder zitéiert, “der Staat habe juristisch nicht die Möglichkeit, sich eine Marke schützen zu lassen“.  Zanter 2017 ass awer zum Beispill de Slogan “LUXEMBOURG – Let’s make it happen” fir de Benelux-Raum geschützt. Zanter Dezember 2020 leeft och eng Prozedur fir de “Let’s make it happen” um Niveau vun der EU schützen ze loossen.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Marken huet de Staat – dat heescht d’Regierung, d’Ministèren, hier Verwaltungen an aner ëffentlech Institutioune – fir sech selwer schütze gelooss, sief et um Niveau Benelux, an der Europäescher Unioun oder driwwer eraus ? 

  2. Ëm wéi eng Marken handelt et sech?

  3. Wat sinn d’Virdeeler an d’Interessen, wann de Staat sech eng Mark selwer schütze léisst?  

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3675

Beschëlderung vum Luuchte-Radar fir d’Foussgänger

An hirem Avis zum leschte Radar-Gesetzesprojet (n°7652) stellt d’Dateschutzkommissioun fest, dass och d’Foussgänger iwwert de Luuchte-Radar mussen informéiert ginn, well och si op de Fotoe vum Radar kéinten ze gesi sinn. Laut dem Gesetz vum 1.08.2018 muss nämlech all Persoun, där hier Date festgehale ginn, doriwwer a Kenntnis dovunner gesat ginn.  “Etant donné que l’installation de radars automatiques aux feux rouges concerne un public beaucoup plus large dépassant simplement les conducteurs et les passagers se trouvant à bord de véhicules, la CNPD entend attirer l’attention des auteurs du projet de loi sur l’obligation d’information de l’ensemble des personnes concernées de l’existence de ces radars et du traitement de données concernant (p.ex. panneaux informant les conducteurs et passagers de véhicules ainsi que piétons aux endroits des radars installés aux feux rouges).”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass virgesinn op der Stäreplaz (an och op allen aneren zukünftege Plazen, wou Luuchte-Radaren installéiert ginn) een oder e puer Schëlder opzeriichten, fir d’Foussgänger iwwert d’Präsenz vum Radar an d’eventuell Späicherung vun hiren Daten ze informéieren? • Falls jo, ginn op dësem Schëld all d’Informatioune festgehalen, déi laut Artikel 12§1 vum Gesetz vun 2018 mussen zougänglech sinn, dorënner d’Kontaktinformatioune vum Responsable du traitement a vum DPO? • Falls nee, wéi eng Grënn gëtt et laut der Police grad-ducale, fir dësen Artikel net ze applizéieren, baséierend op de Méiglechkeeten déi am §3 vum Artikel 12 genannt ginn?

  2. Wëssend, dass de Radar scho säit dem Ufank vun der Testphas am Oktober Fotoe vu Foussgänger kéint gemaach hunn, ass op der Stäreplaz schonn eng deementspriechend Beschëlderung opgestallt ginn?  • Wann jo, wéi vill Schëlder goufen opgestallt a wat fir Informatioune sinn op hinne festgehalen? • Wann nee, firwat net? • Falls eng Beschëlderung an Zukunft virgesinn ass, wéi gesäit dës dann aus a wéini soll se opgestallt ginn? • Falls keng Beschëlderung virgesinn ass, wéi begrënnt de Minister dës Entscheedung?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3652

Unzuel vu geschossene Biller vun de fixe Radaren

Säit 2016 goufen uechtert d’ganzt Land insgesamt 24 fix Radaren installéiert an a Betrib geholl. Elleng de Radar an der 70er Zone tëscht Brouch a Recken am Zentrum vum Land, soll laut engem Wort-Artikel vum éischte Februar schonn 261.133 Fuerer geblëtzt hunn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Biller hunn déi fix Radare säit hirer Opstellung bis haut gemaach (opgeschlësselt no Radar an no Joer)?

  2. Ginn d’Bäifuerer, déi op de Biller vun den Infraktiounen ze gesi sinn, anonymiséiert, ier d’Biller op Servere geluede ginn? Falls nee, wéi ass dëst konform mat den europäeschen an nationale Reegele vum Dateschutz?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3647

Fënsteren an der Schoul

Den Educatiounsministère huet a sengem Plang fir d’Schouljoer 2020-2021 festgehalen, dass d’Stousslëften an alle Schoulen am Land muss gemaach ginn, fir d’Verbreedung vum Virus anzedämmen. Deemools sot de Minister “qu’aussi longtemps que les conditions météorologiques le permettront, les fenêtres et les portes devront être ouvertes de manière permanente. ” Et ginn awer Schoulen, wou d’Léierpersonal aus verschiddene Grënn, d’Fënsteren net grouss opmaache kann, entweder wëll d’Fënsteren nëmme kënne gekippt ginn oder wëll d’Personal d’Schlësselen enthale gi fir se opzemaachen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Solle déi Klassesäll, an deenen d’Léierpersonal net stouss lëfte kann, weiderhi benotzt ginn?

  2. Wat fir Alternative sinn do fir déi Klassesäll, an deenen net ka gelëft ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3641

Bis op Bartreng fir eng Foto

Am Gesetz vum 1ten August 2018 zum Thema Dateschutz steet am Artikel 11 geschriwwen: “Art. 11. Communication et modalités de l’exercice des droits de la personne concernée (1)Le responsable du traitement prend des mesures raisonnables pour fournir toute information visée à l’article 12 et procède à toute communication relative au traitement ayant trait à l’article 10, aux articles 13 à 17 et à l’article 30 à la personne concernée d’une façon concise, compréhensible et aisément accessible, en des termes clairs et simples. Les informations sont fournies par tout moyen approprié, y compris par voie électronique. De manière générale, le responsable du traitement fournit les informations sous la même forme que la demande.” Am Fall wou eng Persoun vun engem Radar geblëtzt gëtt an d’Foto wëll gesinn, muss si sech an de Centre d’exploitation op Bartreng deplacéieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Am Fall wou eng Persoun eng digital Ufro oder ee Bréif schéckt (an der se een seng Autosplack an d’Referenz Nummer vum Avertissement ugëtt), fir Asiicht an den Dossier ze kréien, missten déi gefroten Informatiounen, an deem Fall d’Fotoen, net konform zum Artikel 11 am uewe genannte Gesetz, och op deem selwechte Wee zréck geschéckt ginn?

  2. Firwat gëtt an dësem Fall den Artikel 11 net applizéiert?

  3. Wéi stinn de Minister an d’Ministesch zu engem System deen et iwwert Guichet.lu géing erméigleche mat engem Token, Accès zu dësen Donnéeën ze kréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3640

7652 Anonymiséiere vu Fotoen vum Radar

Context:Gesetzesprojet 7652

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • Ugesiichts vum Avis vun der CNPD a notamment dem zweete Punkt “Quant aux images prises par les radars feux rouges”, wou d’CNPD schreift: “La CNPD estime dès lors nécessaire de masquer automatiquement les images des piétons et de toute personne autre que le conducteur, qui n’auraient aucun lien avec l’infraction.” an “Elle estime également nécessaire d’envisager un masquage automatique des personnes physiques aux abords des routes qui sont prises lors de la capture d’image, et un masquage temporaire des passagers du véhicule afin que ces derniers puissent être à nouveau rendus visibles à l’occasion d’une éventuelle procédure judiciaire”.

Aus dësem Grond invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. d’Recommandatioune vun der CNPD ze respektéieren an ëmzesetzen, éier dës Zort Radaren a Betrib ginn. 

Aarbechter mat engem Statut handicapé beim CFL

Op d’Fro vum November 2020(n°3122) hunn d’Ministere fir Aarbecht an den ëffentlechen Déngscht bestätegt, dass an der Fonction publique d’Quot vu 5% vun den Aarbechter mat engem Statut handicapé respektéiert gëtt. Am Artikel L562-3 vum Code du travail deen dës 5% Quot virgesäit, ass och d’Société nationale des chemins de fer luxembourgeois (CFL) opgelëscht. Ginn déi 5% beim CFL respektéiert? 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn déi 5% beim CFL respektéiert?  Falls net, wéi vill Persoune mat engem Statut Handicapé missten agestallt ginn, fir dës Quot ze erreechen?

  2. An wéi engem Service schaffe prozentual gesinn, déi meeschte Persoune mat engem Statut handicapé? An wéi engem Service schaffe prozentual gesinn, am mannsten Persoune mat engem Statut handicapé?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3493

Sanitär Kontrollen am ëffentlechen Transport

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3189 vum 23te November 2020 hat de Minister fir Mobilitéit erkläert, dass den Zuchbegleeder keng Sanktiounen am Zesummenhang mat der Maskeflicht däerf ausschwätzen.  De Facto kann den Zuchbegleeder näischt aneres maachen, wéi e Passagéier aus engem Zuch ze verweisen oder d’Police oder d’Douane ze ruffen, wa Passagéier sech net un d’Reegelen u Bord vum Zuch halen.  Dëst mécht d’Aarbecht vum Zuchbegleeder, dee fir d’Sécherheet am Zuch suerge muss, immens méihsam an ineffektiv a verschidde Passagéier huelen d’Autoritéit vun den Zuchbegleeder dofir nach manner eescht. D’Konsequenz dovunner ass, dass Leit, déi sech weigeren eng Mask am Zuch unzedoen, ouni d’Präsens vun aneren Autoritéiten net kënnen dozou gezwonge ginn. Wéi de Minister a senger Äntwert geschriwwen hat, waren d’Police an d’Douane bis zu deem Zäitpunkt u ronn 4 Deeg a 34 Zich ënnerwee, wat statistesch gesinn zimmlech wéineg ass, wann een et mam Fait vergläicht, dass ee Joer 365 Deeg huet an zu Lëtzebuerg eng honnert Zuchfaarte pro Dag organiséiert ginn. D’Verbreedung vum Virus sollt och am ëffentlechen Transport op ee Maximum reduzéiert ginn an et wär aus dësem Grond sënnvoll, datt  d’Zuchbegleeder méi effikass dofir suerge kéinten, datt déi sanitär Reegelen am Zuch agehale ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Meldungen oder Rapporte wéinst “non-respect du port de masque” sinn der CFL-Direktioun vun den Zuchbegleeder a Buschaufferen zënter dem Ufank vun dëser Pandemie, zoukomm? Wat gouf dorops hin ënnerholl ?

  2. Wat kënnen d’CFL oder de Minister besser maachen, fir dass d’Droe vun der Mask an déi aner sanitär Reegelen am ëffentlechen Transport besser agehale ginn? 

  3. Wär et fir de Minister sënnvoll, dass een d’Droe vun der Mask schonns op de Garen a Quai’en kontrolléieren a sanktionéiere géif? 

  4. Wäert d’CFL de Passagéier am Zuch oder Bus, déi keng Mask unhunn, chirurgesch Masken, géint Bezuelung oder gratis, zur Verfügung stellen?

  5. An der Äntwert op d’Fro n°1755 vum 22te Januar virun engem Joer hat de Minister vun engem neie groussherzogleche Reglement geschwat, deen d’Sécherheet am ëffentlechen Transport nei organiséiere soll an déi al Reglementstexter sollen abrogéiert. Op Legilux sinn dës modifizéiert groussherzoglech Reglementer awer nach ëmmer a Kraaft. Wou ass de vum Minister ugekënnegte RGD drun?

Privat Sécherheetsfirmen am Garer Quartier

An engem RTL Interview de 15.01 huet d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer erkläert, dass d’privat Sécherheetsfirma déi engagéiert gouf, fir am Garer Quartier fir méi een héischt Sécherheetsgefill ze suergen, verschiddene Poliziste bei Festname gehollef hätten, esou d’Buergermeeschtesch. Ganz konkret sot d’Lydie Polfer: “”Si hunn souguer mat Momenter der Police gehollef, wou ee Polizist a Schwieregkeete war, wou deen ee wollt ebe festhuelen, wou si gehollef hunn. An dat net nëmmen eng Kéier.””   An der Äntwert op meng Fro vum 27.11.2020 (n°3217) hunn d’Ministere geäntwert: “”Wat d’Fro zu de Befugnisser vun de Sécherheetsagenten ugeet, esou ginn déi net iwwert d’Befugnisser vum normale Bierger eraus.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et also engem normale Bierger erlaabt, der Police bei Festnamen ze hëllefen?  Falls jo, wéi dierft esou eng Hëllef ausgesinn? Falls nee, wei bewäert de Minister d’Handelen vun de Sécherheetsbeamten op der Staater Gare a wéi eng Konsequenzen wäert dës Aktioun mat sech zéihen?

  2. Huet de Minister Informatioune bei wéi ville Festnamen, een Employé vun der privater Sécherheetsfirma gehollef huet?  Wéi hunn déi Hëllefen ausgesinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3460