Parlamentaresch Froen
Accessibel Fliigeren fir jiddereen
Duerch d’Accessibilitéitsgesetz vum 7te Januar 2022 gouf festgehalen, dass Gebaier an ëffentlech Infrastrukture musse fir Rollstullfuerer a Leit mat anere Beanträchtegungen zougänglech sinn. Och Hoteller falen hei drënner a kloer, och de Flughafen. Wou d’Gesetz allerdéngs näischt virgesäit, ass bei de Fligeren. Bei ville Fligermodeller sinn zum Beispill d’Toiletten net fir Rollstullfuerer accessibel.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Mussen d’Fliigeren vun den Airlines, déi zu Lëtzebuerg zirkuléieren, de Krittären vun der Accessibilitéit (« conception pour tous ») entspriechen?
Gëllt dës och fir d’Toiletten an de Fliigeren?
QP Nummer 3070
