Fuerpark beim Staat

An den Äntwerten op meng parlamentaresch Froen n°347 an 1915 krut ech Informatiounen iwwert de Fuerpark beim Staat an d’Autoe vun der Regierung.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi héich waren d’Ausgabe fir de Fuerpark vun den eenzele Ministèren am Joer 2020?

  2. Wéi vill Elektroautoen a wéi vill Autoe mat Verbrennungsmotor goufen 2020 fir de Fuerpark vum ëffentlechen Déngscht kaf? 

  3. Wéi vill Autoe mat engem Verbrennungsmotor, wéi vill Elektroautoen a wéi vill Autoe mat Hybriduntrieb befannen sech, opgeschlësselt no Ministère, aktuell am Fuerpark vum Staat? Wéi huet sech de Prozentsaz vun dësen Typpen am Verglach zum Total an de leschte 5 Joer entwéckelt?

  4. Opgelëscht no Ministère, wéi vill Joren sinn d’Gefierer, déi de Staat akeeft, am Duerchschnëtt am Gebrauch, iert se verkaf oder verschrott ginn? Wéi vill Autoen sinn an de leschte 5 Joer, opgelëscht no Ministère, verschrott ginn?

  5. Wéi vill Autoen befannen sech aktuell am Fuerpark vun der Regierung? 

  6. 2018 louch d’Moyenne vum CO2-Ausstouss vum Fuerpark vun de Regierungsmembere bei 119,35g CO2/km an 2019 loung se bei 106,37g CO2/km. Fir d’Joer 2020,  1. wéi vill Emissioune CO2 stéisst de Fuerpark vun de Regierungsmemberen aus? (opgelëscht no der NEFZ– an der WLTP–Ausstoussnorm) 2. wéi vill Liter/100km verbraucht de Fuerpark (Duerchschnëtt+Median)? 3. wéi vill PS huet de Fuerpark vun der Regierung (Duerchschnëtt+Median)?

  7. Op meng Fro n°1915 hat de Minister geäntwert: “Wéi schonn an der Äntwert op d’parlamentaresch Ufro N°347 vum 12. Februar 2019 geschriwwe, solle prioritär Hybride a Plug-in Hybride kaf ginn, esou dat dei duerchschnettlech CO2-Emissioune weider fale wäerten. Et gett och gepreift fir an noer Zukunft 100% Elektroautoen ze kafen.” Wéi vill Elektroautoen befannen sech aktuell am Fuerpark vun der Regierung?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3746

Roll vun de Gewerkschaften am ëffentlechen Déngscht

Den Artikel 11, Paragraf 4, vun eiser Verfassung gesäit vir: “(4) La loi garantit le droit au travail et l’Etat veille à assurer à chaque citoyen l’exercice de ce droit. La loi garantit les libertés syndicales et organise le droit de grève.” De Code de la Fonction publique leet, ënnert Anerem am Kapitel 11, d’Prinzippie vum Associatiounsrecht vun de Fonctionnaire fest. Mir ass zougedroe ginn, dass a verschiddene Ministèren an och Etablissements publics d’Uweisung vun Uewe komm ass, de Gewerkschafte keng Informatiounen zu festgestallte Problemer am Service weiderzeginn. Deemno ginn d’Gewerkschaften, ënnert Anerem, an hirer Funktioun behënnert “de formuler des propositions relatives à l’amélioration des conditions de travail, à l’organisation, la restructuration et la rationalisation des services”, well se net déi néideg Informatiounen, fir d’Ausübung vun dëser Aufgab asammele kënnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kann de Minister ausschléissen, dass d’Regierungsmemberen an hier Direktioune Consignen (formell an informell) erausginn hunn, déi et de Staatsbeamten an Employéeë verbidden, Informatiounen un hier Gewerkschaft weiderzeginn? Falls nee, bei wéi engen Informatioune kann de Staat Schweigeflicht verlaangen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3739

Das System SuperdrecksKëscht

An der Kommissiounssëtzung vum 25te Februar 2021 gouf den Dossier vun der SuperDreckskëscht (SDK) ënnert d’Lupp geholl. Et bleiwen awer, och no dëser Sëtzung, verschiddenen onkloer Aspekter an dësem Dossier.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch ausschléissen, dass de Bénéficiaire effectif vun der Firma Oeko -Service – Luxembourg S.A. (OSL), déi d’Aktioun SuperDreckskëscht am Kader vum Konzessiounsvertrag exploitéiert, sech finanziell Virdeeler aus der Exploitatioun vun der SDK erwirtschaft huet, notamment duerch de Gebrauch vun anere Gesellschaften, déi dem nämmlechte Bénéficiaire effectif gehéieren?

  2. Kann d’Ministesch an deem Sënn och ausschléissen, dass aner Firmen an der Hand vum Bénéficiaire effectif der Firma OSL systematesch hier Servicer iwwert deenen übleche Maartpräisser facturéiert huet? 

  3. Waren der Ministesch, virum Ënnerschreiwe vum Konzessiounsvertrag, déi frëndschaftlech d’Relatiounen tëscht dem Bénéficiaire effectif vun OSL an dem Direkter vun der Ëmweltverwaltung bekannt?

  4. Wéi eng Organisatioune gehéieren dem Franchisesystem vun der SDK un, a wéi vill Ëmsaz gouf duerch de Franchisesystem an de leschte Jore gemaach, opgelëscht no Joer an no Firma?

  5. Wéi gëtt de Franchise-Beitrag genau berechent? Falls et sech ëm eng Kommissioun handelt, wéi vill muss de Franchisenehmer vu sengem Ëmsaz ofginn?

  6. Wéi vill vun deene Firmen, déi Franchisenehmer vu SDK sinn, hunn den nämmlechte Bénéficiaire effectif wéi OSL? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3731

Desinfektiounsgel op an beim ëffentlechen Transport

De 15ten Dezember gouf an der Chamber eng Motioun gestëmmt, déi virgesäit, dass am ëffentlechen Transport, an och bei Busarrêten a Garë sollen Desinfektiounsgel-Spender installéiert ginn. Den zoustännege Minister huet am Februar an der Chamber erkläert, dass bis elo an 11 Garë Spender opgestallt goufen.  An de Recommandatioune vun der Santé fir d’Commercen, heescht et, dass de Patron de Salariéeën entweder Accès zu engem Lavabo mat Seef oder zu Desinfektiounsgel muss garantéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Spender goufen am Januar opgestallt? Wéi vill am Februar?

  2. Huet de Minister sech, wéi an der Motioun gefrot, a Kontakt gesat mat de privaten a kommunalen Transport-Firme wéi dem TICE, a si invitéiert, och Desinfektiounsmëttel-Spender opzestellen?

  3. Wärend dem Debat an der Chamber huet de Minister erkläert, dass Luxtram an d’CFL plange fir kleng Ampulle mat Gel un d’Passagéier ze verdeelen. Sinn déi 20’000 Ampullen all verdeelt ginn? Gouf fir dës Ampulle recycléierte Plastik benotzt? Falls nee, wéi vill Kilo Plastiksoffall entstinn duerch dës Einweg-Produiten?

  4. Hunn all d’Centre commerciaux, déi ee Protocole sanitaire bei der Direction de la Santé agereecht hunn, an dësem Desinfektiounsmëttel-Spender fir d’Clientë virgesinn? Falls jo, firwat ass d’Bereetstelle vun Desinfektiounsgel am Commerce obligatoresch an am Transport net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3720

Mei Informatiounen a Saachen Covid un d’Gemengen

Context:Projet 7768

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • d’Infektiounszuelen op lokalem Niveau séier kënnen no ënnen oder no uewe schwanken;
  • dass d’Santé all Dag ee Rapport zu den Infektiounszuele verëffentlecht;
  • dass d’Maison Relaisen an d’Crèchen oft vun de Gemenge verwalt ginn;
  • dass bei erhéichten Infektiounszuelen an enger Betreiungsstruktur séier muss gehandelt ginn;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. dass d’Gemengeresponsabel all Woch ee Rapport mat Informatiounen zu dem Infektiounsgeschehen an hirer Gemeng kréien, an och informéiert ginn, sollten Infektionsketten an der Gemeng optauchen.

Gérance vun der Impfstrategie

Fir d’Verdeelung vun den Impfstoffer géint de Covid-19 ze koordinéieren, huet d’Regierung eng Impfstrategie opgestallt, déi virgesäit, dass verschidde Persounegruppe prioritär geimpft ginn, wärend anerer eréischt méi spéit dru komme sollen. Elo sinn awer ëmmer méi oft Fäll bekannt ginn, wou Leit scho vun enger Impfung profitéiere konnten, obwuel si der Impfstrategie no nach net un der Rei gewiescht wären. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gehéieren d’Impfstoffer géint de Covid-19, déi Lëtzebuerg geliwwert kritt, dem Lëtzebuerger Staat? Entsprécht et engem Vol vu Staatsbesëtz, wann eng Persoun sech impfe léisst, obwuel se net um Tour ass?

  2. Wéi kontrolléiert de Staat, dass keng Leit geimpft ginn, déi an de momentan lafende Phase vun der Impfstrategie net virgesi sinn? 

  3. Wéi vill Persoune sinn der Regierung bekannt, déi en Impfstoff kruten, obwuel si zum Zäitpunkt vun der Impfung d’Krittären net erfëllt hunn, fir prioritär geimpft ze ginn? Erginn sech fir dës Persoune Konsequenzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3696

Soumissiounen an Ausschreiwungen am Verdeedegungsbräich

Am Gesetz vum 26ten Dezember 2012 ass d’Demarche fir Soumissiounen am Beräich Sécherheet a Verdeedegung festgeluecht. Am Prinzip ënnerleien all d’Soumissiounen an der EU, déi iwwert 412 000€ (fir Servicer a Liwwerungen), respektiv 5 150 000€ (fir Aarbechten) leien, dësem Gesetz. Laut den Artikele 56 a 57 muss de Lëtzebuerger Staat der Europäescher Kommissioun Statistiken iwwert d’Unzuel an de Wäert vun den Ausschreiwunge matdeelen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Ausschreiwungen aus dem Beräich Sécherheet a Verdeedegung gouf et säit 2012 op Basis vun dësem Gesetz?

  2. Wéi vill Kontrakter goufen ob Grond vun dësen Ausschreiwungen ofgeschloss? Wat fir Servicer waren an dësen Ausschreiwunge festgehalen? Mat wéi villen Acteuren ass d’Regierung am Moment nach am Gaangen op Grond vun esou Ausschreiwungen, Kontakter ze verhandelen?

  3. Am Gesetz si verschidde Fäll festgehalen, an deenen de Kontrakt nei verhandelt ka ginn, ouni dass eng nei Ausschreiwung muss gemaach ginn. Dëst ass zum Beispill de Fall, an enger Krisesituatioun oder wann et ëm geschützten Technologië geet, déi nëmmen eng Firma kann ubidden. An dëse Fäll kënnen d’Kontrakter fir 5 oder 7 Joer verlängert ginn. Bei wéi ville Fäll koum et zu Verlängerunge vun de Kontrakter?  Ginn et Kontrakter, déi am Moment nach lafen an déi trotzdeem aktuell schon nees (oder demnächst) néi verhandelt ginn?  Aus wat fir Grënn ginn dës Kontrakter nei verhandelt?

  4. Wou kënnen d’Bierger(innen) ofgeschlossen Ausschreiwungen noliesen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3687

d’Buffe vum Educatiounsministère – Nofro

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°3450 huet de Minister erkläert, dass d’Buffe fir d’Schüler bei der franséischer Firma Textiss bestallt goufen. 392’000 Buffe goufe bei Textiss bestallt, laut Ministère gouf bei der Bestellung “nieft der Qualitéit an de Liwwerdelaien, och drop opgepasst, dass de Fournisseur sech nohalteg an ekologesch engagéiert.” D’Buffe vum Ministère koumen aus China. D’Firma erkläert op hierer Website, dass si bei Produiten aus Polyester (d’Buffe vum Ministère bestinn aus 92% Polyster), géifen op Recycléiert Materialie setzen. Och de FSC Logo ass um Site ze fannen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Bestinn d’Buffe vum Ministère aus recycléiertem Material? Wann jo, wéi vill Prozent recycléiert Material gouf benotzt?

  2. Aner bekannt Logoe wéi z. B. Fairtrade sinn net um Site ze fannen. Goufen d’Buffe a fairen Aarbechts-Konditiounen hiergestallt? 

  3. Huet de Ministère virun der Bestellung, Informatiounen zum Thema Nohaltegkeet  beim Produzent ugefrot? Falls jo, wat fir Äntwerten huet de Produzent ginn?

  4. D’Regierung huet an hierem Koalitiounsaccord festgehaalen, dass bis 2025 sollen 20% vun der Landwirtschaft sech op d’Produktioun vun Bio-Produiten ëmstellen. 100% sollen et bis 2050 sinn. An de Schoulen soll et och méi Bio-Liewensmëttel fir d’Schüler ginn. Firwat gouf sech an dësem Fall entscheed, fir Buffen aus Polyester an Elastan ze kaafen, amplaz aus Bio-Materialien ?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3691

Aalt Frittefett am Biodiesel

A fréiere parlamentaresche Froen (1010 an 3539) hat ech d’Verwennung vum Palmenueleg als Dreifstoff ugeschwat. De Minister hat mir an der Fro 1010 Folgendes geäntwert: Lëtzebuerg huet sech dofir op EU-Niveau agesat a schreiwt als eent vun de wéinegen EU-Lanner den Operateure vir, datt nach méi séier a méi staark muss op nohalteg Biokraaftstoffer gesat ginn. Biodiesel léisst sech aus enger grousser Unzuel vu Fetter, Uelegen an Alkoholen produzéieren. Dëst ass am Prinzip eng gutt Saach, well et méi sënnvoll a ressourcëschounend ass, gebrauchte Liewensmëttel ze verwäerten ewéi Nahrungsmëttel, wéi Rappsueleg, Mais oder Reis, oder souguer den ëmweltschiedleche Palmenueleg, zur Energiegewënnung ze benotzen.  Deemno kënne benotzte Fetter an Ueleger zu Biodiesel raffinéiert ginn. Queesch duerch d’Gemengen hei am Land ass virun allem eng Firma am Asammele vu Fetter aktiv. Wien a verschidde Recyclingszentere geet, kritt giel Eemere mam berüümte Logo vun der Superdreckskëscht, mat deenen een d’benotzte Fett bei sech doheem sammelen an duerno an ee Recyclingszenter droe kann.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Liter Fett an Ueleg sinn, opgelëscht pro Joer, an deene leschten 10 Joer hei am Land agesammelt ginn?

  2. Wouhinner sinn dës Fetter duerno verkaf ginn? 

  3. Wéi vill Prozent vun deene benotzte Fetter an Uelegen sinn fir d’Produktioun vu Biodiesel benotzt ginn?

  4. Huet de Minister Schätzungen, wéi vill Liter recycléiert Fetter an Uelegen am Duerchschnëtt hei zu Lëtzebuerg am Joer vertankt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3681

FRO.LU: Héichwaasserschutz bei der Musel

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

De Ministère fir ëffentlech Aarbechten huet géigeniwwer dem Wort confirméiert, dass d’Aarbechten un engem Héichwaasserschutz System zu Réimesch am September 2021 sollen ufänken. Réimesch ass awer net déi eenzeg Stad déi ëmmer erëm mat Héichwaasser ze kämpfen huet. Zu Stadbriedemes stoung de Waasserpeegel am Februar op iwwert 6 Meter. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Beim Projet Réimech soll mat der Esplanade op der Héischt vum Wueswee ugefaange ginn. Firwat ass entscheet ginn do unzefänken?

  2. Ass d’Ausschaffe vum Plang fir de Projet Héichwaasserschutz/Esplanade/Route du Vin zu Réimech ausgeschriwwe ginn? Falls jo, wéi vill Intresséierter hunn sech op d’Ausschreiwung gemellt?

  3. An Rapport vun 2015 iwwert den “Hochwasserrisikomanagment für Luxemburg” ginn 13 Musel Gemengen/Dierfer opgezielt déi vun engem Héichwaasserrisiko betraff sinn, drënner Gemengen ewéi Gréiwemaacher, Stadbriedemes a Mäertert. De Besoin fir Moossnamen ass do: “Im Dialog mit den Gemeinden und Städten wurde jedoch an vielen Stellen noch Bedarf an lokalen neuen Rückhalteeinrichtungen, auch für Starkregenereignisse ermittelt.” Sinn nach aner Héichwaasserschutz Systemer ewéi deen zu Réimesch bei der Musel geplangt? Wan jo, wéi eng Gemenge si vun esou Projete betraff a wéini sollen dës Projeten an Ugrëff geholl ginn?

  4. An dem Rapport liest een och, dass  “Defizite bestehen insbesondere in alten und lange bestehenden Kerngebieten, in denen Hochwasser nur selten auftritt. Überall dort wo häufiger Hochwasser auftreten, kennen die Menschen das Risiko und haben gelernt sich und ihr Eigentum zu schützen. Gleiches gilt auf kommunaler Ebene für öffentliche Einrichtungen. In Gebieten, in denen Hochwasser seltener auftreten geht nach einigen Jahren das Bewusstsein für die Hochwassergefahr verloren. Deshalb muss mit großem Aufwand das Risikobewusstsein in der hochwasserfreien Zeit und das Wissen um die Notwendigkeit des Objektschutzes aufrechterhalten werden. […]  Kommt dann ein Hochwasser, werden die Betroffenen überrascht und es kommt zu hohen Schäden. Insbesondere in Risikogebieten, die nur selten von Hochwasser betroffen sind, muss deshalb mit großem Aufwand das Risikobewusstsein in der hochwasserfreien Zeit und das Wissen um die Bauvorsorge aufrecht- erhalten werden.” Wat fir Moossnamen sinn a Plaz gesat, fir ze verhënneren, dass a Risikogebidder déi seele vun Héichwaasser betraff sinn, et zu all Moment zu héije Waasserschied ka kommen? Ginn d’Mënschen déi an dëse Risiko Gebidder wunnen, duerch gezielt Mesuren un d’Gefore vum Héichwaasser erënnert?

Fro n°3679

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu