Connect with us

Mobilitéit

Standuert Süden fir d’Studentefoire

 D’Studentevereenegung ACEL huet rezent ëffentlech Kritik un der Regierung gelooss, wat d’Organisatioun vun der Studentefoire betrëfft. D’CSJ huet an engem Communiqué d’Kriticken vun der ACEL gedeelt a schreift: „Mir als CSJ, zesumme mat eisen CSJ Schüler a Studenten, déi viru gutt enger Woch selwer mat engem Stand un der Studentefoire deelgeholl hunn, deelen d’Ureegungen an d’Bedenke vun der ACEL. […] De Standuert am Süde vum Land féiert dozou, datt vill Schüler a Studente laang Strecken hu fir op d’Foire ze kommen. D’Verbindunge mam ëffentlechen Transport, dee fir vill Jonker ouni Führerschäin onëmgänglech ass, si besonnesch aus dem Norden an dem Osten vum Land schlecht.“

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi steet d’DP-CSV-Regierung zur Organisatioun vun der Studentefoire am Süden? 

  2. Wéi steet d’DP-CSV-Regierung zur Dezentraliséierung vun den Aktivitéiten an zur Stäerkung vun de wirtschaftlechen a staatlechen Aktivitéiten am Süden? 

  3. Wéi bewäert d’Regierung d’Kriticke vun de Jonke betreffend dem ëffentlechen Transport tëschent de Regiounen hei am Land? Akzeptéiert si d’Kritik, dass d’Transportweeër ze laang sinn?

  4. Wat wäerten se maachen, fir dass den Transport tëschent dem Norden Osten, Norden am Süden hei am Land besser gëtt? 

  5. Wéi wäert de Süden allgemeng gestäerkt ginn an noher Zukunft?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3179

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert