Kabinneverbuet fir d’Bäifuerer beim TICE ?

Beim TICE suergt aktuell eng Note de Service interne fir vill Onmutt bei de Chaufferen. Bis viru kuerzem duerften d’Chaufferen no engem Schichtwiessel vir an der Chaufferskabinn als Bäifuerer Platz huelen. Wann zum Beispill op enger Gare ee Schichtwiessel stattfënnt, ass et Usus, datt de Chauffer, deen am Feierowend ass, nach ee kuerz Stéck matfiert, fir bis bei säin Auto ze kommen. Zënter dem Ufank vun der Covid-19-Pandemie zu Lëtzebuerg droen d’Chaufferen, déi sech am viregten Deel vum Bus befannen, dofir och eng Mask.

An enger Note de Service vun der TICE-Direktioun ginn d’Chaufferen elo opgefuerdert, no engem Schichtwiessel net méi als Bäifuerer vir beim Chauffer ze setzen, mee hanne bei de Passagéier. 

Wien d’Auslaaschtung vun de Busser an de leschte Woche gesinn huet, dee kann sech ausmolen, datt de Risiko als Passagéier am ëffentlechen Transport matzefuere méi héich ass, wéi vir ofgeschott hannert enger Ofspärung ze sëtzen. Net fir näischt goufen d’Chauffere vir am Bus hannert enger Ofspärung vun de Passagéier isoléiert. D’Chauffere mussen nämlech gesond bleiwen, well si systemrelevant sinn an ouni si den ëffentlechen Transport zum Erleie kënnt.

  1. Wëssend, datt de Minister a stännegem Kontakt an Austausch mam TICE ass, ass hien iwwert d’Decisioun beim TICE a Kenntnis gesat ginn? Betruecht de Minister dës Mesure als sënnvoll?
  2. Gëllen änlech Consigne wéi beim TICE och bei aner Busoperateuren am ëffentlechen Transport? Falls nee, firwat net? Falls jo, zënter wéini a firwat?
  3. Wou existéiert, dem Minister no, eng gréisser Infektiounsgefor fir d’Chaufferen: vir an der Kabinn oder hannen am Bus (wëssend, datt d’Chaufferen alle béid Masken unhunn)? 
  4. Geet den TICE mat dëser Mesure ee Risiko an, datt nach méi Buschauffere riskéiere krank ze ginn, wat erëm dozou féiere kéint, datt de Fuertakt misst erof gesat ginn? 

QP Nummer 3241

Verlaf an der Chamber

Den Rôle vum Garde champêtre

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Bannenzeg Sécherheet & Interieur weiderzeleeden.

Laut  dem Artikel 97 vum Text coordonnée vun der loi communale vum 13. Dezember 1988, kann eng Gemeng een oder méi Gardes champêtres (Bannhidder) astellen. Dës kéinten da laut Gesetz verschidde Kompetenze kréien:

Il concourt, sous l’autorité du bourgmestre, à l’exécution des lois et règlements de police ainsi qu’au maintien du bon ordre et de la tranquillité dans la commune.

Am Artikel 14-2 vum Code de procédure pénale zu den Gardes champêtre heescht et:

Ils conduisent devant un officier de police judiciaire tout individu qu’ils surprennent, dans les limites de leur compétence territoriale, en flagrant crime ou délit.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Kënnen d’Ministere confirméieren, dass dës Gesetzer nach esou applizéiert kënne ginn?
  2. Kënnen d’Ministere bestätegen, dass d’Positioun vum Bannhidder haut nach kann als Funktioun de Gemengebeamten uvertraut ginn?
  3. Kéinten dës Bannhidder, am Kader vun den uewe genannte Gesetzer, d’Police also an hirer Aarbecht ënnerstëtzen?

Fro n°3234

Verlaaf an der Chamber

Black Friday a Coronazäiten?!

Wien de leschte Weekend ee vun de gréissere d’Shoppingzenteren am Land besicht oder d’Fotoen op Social Media gesinn huet, deen huet sech ee Moment wéi an d’Normalitéit viru Corona zeréckversat gefillt. D’Akafszentere waren deelweis esou voll, datt d’Schlaange virun de Geschäfter matenee verschmolz sinn.  

Datt d’Akafszenteren grad a Coronazäiten opbleiwen, wou d’Leit eigentlech zum gréissten Deel doheem bleiwe sollen, fir sech kengem onnéidegen Infektiounsrisiko auszesetzen, ass op d’politesch Decisioun vun der Regierung zeréckzeféieren, d’Shoppingzenteren net zouzemaachen. 

Et war virauszegesinn, datt mat deene leschte Mesüren an trotz héijen Infektiounszuehlen hei am Land, d’Leit d’Zäit virun de Chrëschtdeeg nach notze géifen, fir zu bëllege Präisser hier Kaddoen anzekafen. D’Biller aus deene verschiddene Shoppingzenteren hei am Land sinn awer, grad an Zäite vun dëser Pandemie, méi wéi besuergniserreegend a loossen Zweiwel un de Mesüre vun der Regierung opkommen.

Wéi mir vu verschiddene Verkeefer zougedroe gouf, war et weder an de Gallerien, nach a ville Geschäfter méiglech, d’Hygienesmesüren an d’Distanzen anzehalen. Mataarbechter beriichten, datt se zum Deel 8 Stonne um Stéck Face-à-Face mat de Läit stoungen, honnerte vun Artikelen a Keessenticketen ugepaackt hunn an dacks net konnten hier Hänn desinfizéieren. Gesoot gouf mir och, datt vill Leit hiert d’Iessen aus dem Take-away einfach matten an der Galerie um Buedem konsumméiert hätten an dat ouni Mask, wat dorobber zeréckzeschléissen ass, datt d’Regierung d’Restauranten an d’Caféen zougemaach huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Kontrollen hunn am Virfeld vum Black Friday staattfonnt, fir z’iwwerpréifen, datt all d’Geschäfter a Gallerien déi néideg Sécherheetsmesüren virum Black Friday getraff hunn?
  2. Wéi vill Kontrolle goufen dëse Weekend vun ëffentlecher Säit aus gemaach, fir z’iwwerpréifen, datt d’Shoppingzenteren d’Maximalkontingenter u Visiteuren anhalen? Wéi vill Protokoller goufen ausgeschwat, well sech net un d’Maximalkontingenter gehale gouf?
  3. Huet d’Regierung bei hierer Decisioun, d’Shoppingzenteren opzeloossen, och un d’Sécherheet vun de Salariéeën an de Shoppingzentere geduecht? Falls jo, wat gouf vun ëffentlecher Säit aus ënnerholl a wéi gouf d’Sécherheet vun de Léit sur place kontrolléiert?
  4. Aus wéi engem Grond goufen d’Shoppingzenteren net am Kader vun de Covid-19-Mesüren berécksichtegt? Kann d’Regierung d’Proportionalitéit erklären, firwat Kinoen an Kulturaktivitéiten gestoppt goufen während Konsumaktivitéiten, déi dausende vu Leit op enkem Raum zesummeféieren, net weider ageschränkt goufen? Steet d’Regierung zu hierer Decisioun, d’Shoppingzenteren opzeloossen?
  5. Ass no dësem Massenustuerm op d’Geschäfter ee Pique un Neiinfektiounen am Dezember ze erwaarden?
  6. Kann ausgeschloss ginn, datt verschidde Regierungsmemberen Interessekonflikter hunn, well se selwer, oder duerch Bekanntener, a kommerziell Aktivitéiten an der Branche vum Commerce “non essentiel” involvéiert sinn? 
  7. Hunn d’Ministeren, déi Participatiounen a Firmen mat Verkaafsfläch an Akafszenteren hunn, sech bei den Diskussiounen an den Entscheedungen iwwert Covid-bedéngte Fermeturen am Commerce enthalen?

Fro n°3224

D’Flying Spaghetti Monster an dat neit Covid Gesetz

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Cultes weiderzeleeden.

Säit 2005 gëtt et zu Lëtzebuerg d’Glawensgemeinschaft vum Flying Spaghetti Monster (FSM). Hier Nuddelsmass féieren déi Gleeweg an engem Restaurant.

Den HORECA-Secteur muss, bedéngt duerch dat neit Covid-Gesetz, seng Dieren awer op mannst bis de 15ten Dezember zou maachen.
D’Gesetz vum 25.11.2020 hält am Artikel 3ter nämlech fest:

“Les établissements destinés à l’exercice du culte sont autorisés à rester ouverts exclusivement pour cet exercice, dans le respect des dispositions de l’article 4, paragraphes 2 à 6.”

  1. Dierfen d’Membere vun der Glawensgemeinschaft vum FSM sech an hirem établissement destiné à l’exercice du cultetreffen, fir hire Glawen auszeüben?
    • Falls nee, wou dierften dës Gleeweg dann hire Glawen ausüben?
    • Berécksiichtechend, datt déi Gleeweg vum FSM hier Massen ëmmer op Platzen haalen, déi a Verbindung mat Iesse stinn, wier et méiglech, dass d’FSM-Memberen sech a Restauranten oder Kantinnen treffen, falls dës dee Moment just fir d’Nuddelsmass benotzt ginn?
  2. Huet de Ministère sech wärend dem Ausschaffe vun dësem Gesetz mat de Glawensgemeinschaften zu Lëtzebuerg zesumme gesat?
    Falls jo, ëm wéi eng Gemeinschaften handelt et sech a wéini hunn dës Treffe stattfonnt?
  3. Wei definéiert de Ministère “les établissements destinés à l’exercice du culte” aus dem Artikel 3ter? Wéi eng Konditioune muss eng Glawensgemeinschaft erfëlle, fir vum Artikel 3ter vum néie Covid Gesetz profitéieren ze kënnen?
  4. Kann all Gebai vun enger Glawensgemeinschaft zu hirem établissement destiné à l’exercice du culte erkläert ginn?
    Kéint eng Glawensgemeinschaft esou, zum Beispill, hier Zeremonien an engem Centre culturel oder enger privat Wunneng ausüben, wann d’Distanzreeglen an d’Maskenflicht respektéiert ginn?
    Falls jo, wat muss eng Glawensgemeinschaft maachen, fir dëse Sëtz unerkannt ze kréien?

Fro n°3223

Verlaaf an der Chamber

Privat Sécherheetsfirmen

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Bannenzeg Sécherheet, Justiz & Wirtschaft weiderzeleeden.

De 25.11 gouf bekannt dass d’Staat Lëtzebuerg plangt, privat Sécherheetsfirmen a verschiddene Quartieren an der Staat  patrulléieren ze loossen. Dës Firme ginn haut schonn oft genotzt, fir d’Sécherheet vu Geldtransporten oder op Concerten ze garantéieren. Och wann d’Konzept vu private Sécherheetsleit net néi ass, esou stellen sech awer eng Réi Froen zu de Rechter a Flichte vun de private Sécherheetsfirmen an hiren Employéeën.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wei vill privat Sécherheetsfirme sinn hei zu Lëtzebuerg ugemellt?
    Wéi eng Autorisatioun mussen dës Firmen ufroen, fir hei am Land kënnen als privat Sécherheetsfirma dierfen ze fungéieren?
    Iwwert wéi vill Employéeë verfügen dës Firmen zesummegezielt?
  2. Ginn et Krittären, déi eng Sécherheetsfirma muss respektéieren an iwwerpréiwen am Fall wou si néit Personal astellen?
    • Falls jo, ëm wéi eng Krittären handelt et sech?
    • Falls nee, firwat net?
    • Mussen dës Firmen och no dem Astelle vum Personal nach iwwerpréiwen op d’Personal d’Krittären erfëllt?
  3. Mussen dës Employéeën sech ausweise kënnen, wann si am Asaz sinn?
    • Falls jo, op wéi eng Manéier mussen si de Léit ronderëm sech matdeelen, dass et sech bei hinnen em privat Sécherheetsleit handelt?
    • Falls nee, firwat net?
  4. Wéi vill Plaintë sinn an deene lëschte 5 Joer géint Personal vu Sécherheetsfirmen am Asaz, deposéiert ginn?
  5. Wéi eng Objeten dierfen dës Agente mat sech féieren, fir sech géint eventuell Ugrëffer ze verdeedegen?
  6. Dierfen si, wann se am Asaz sinn, suspekt Persounen duerchsichen?
    Dierfen si suspekte Persounen d’Rucksäck oder d’Poschen duerchsichen?

Fro n°3217

Verlaaf an der Chamber

Staatstrojaner

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Verdeedegung weiderzeleeden.

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°299 huet de Minister fir bannenzegt Sécherheet erkläert, dass op Uerder vum Magistrat oder vum SREL, d’Staatstrojaner dierfen zum Asaz kommen. De Minister wollt a senger Äntwert net op déi technesch Aspekter vun den Trojaner agoen.
  1. Ginn d’Staatstrojaner vun Employéen oder Fonctionnairë vum Lëtzebuerger Staat entwéckelt?
    Falls nee, wéi eng privat Firme beliwweren de Staat mat dëser Form vu Software?
    Hunn dës Firmen och nach nom Akaf Accès zur Software, zum Beispill fir Entretiens-Aarbechten?
  2. Wéi eng Aarte vun Trojaner stinn der lëtzebuergescher Regierung zur Verfügung?
  3. Wei eng Aarte vun Trojaner a Support-Software si vu wei enge Firmen akaaft ginn? Keeft de Lëtzebuerger Staat dës Software mat exklusivem Usproch oder kenn déi selwecht Software e puer mol u verschidden Ubidder verkaaft gi?
  4. Wat sinn d’Sécherheetskrittären, a puncto Software, déi bei dësen Akeef mussen erfëllt ginn?

Fro n°3201

Verlaaf an der Chamber

Reduzéierung vum Fuertakt beim TICE

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Mobilitéit weiderzeleeden.

An engem Artikel vum 17ten November am Tageblatt ass Rieds iwwert voll Busser beim TICE. Wéi den TICE-Direkter hei am Interview erkläert, hat den TICE op ee Lockdown säitens der Lëtzebuerger Regierung spekuléiert an de Fuertakt vu verschiddene Buslinnen reduzéiert, fir méi Kapazitéite fir de Schülertransport ze hunn. Och wann den TICE net vum Staat, mee vun engem Gemengesyndikat verwalt gëtt, esou ass den ëffentlechen Transport, virun allem a Coronazäiten, vun allgemengen ëffentlechem Interessi an dem Passagéier ass et a leschter Instanz egal, wéi eng ëffentlech Organisatioun en organiséiert. Voll Busser sinn, egal wou am Land, z’evitéieren, wann d’Zil soll sinn, datt d’Passagéier kënnen d’Gestes barrières an d’Sécherheetsdistanzen zoueneen anhalen. Dat war, wéi op ville Fotoen am Netz ze gesi war, an de leschte Wochen, virun allem zu Spëtzestonnen, net de Fall.
  1. Gouf de Minister am Viraus iwwert d’Reduktioun vum Takt beim TICE a Kenntnis gesat? Falls jo, wat war seng Reaktioun?
  2. Gouf de Minister des Weidere vun de Responsabele vum TICE kontaktéiert, fir d’Fueraktivitéiten vum TICE am Kader vun der Coronapandemie z’ënnerstëtzen?
  3. Ass de Minister der Meenung, datt den ëffentlechen Transport – speziell a Coronazäiten – iwwerall am Land sollt zu de Spëtzestonnen um Maximum lafen, wat de Fuertakt an d’Kapazitéite betrëfft, an dat am Interessi vun der Gesondheet vun de Passagéier an onofhängeg dovunner, ob d’Busser ënnert engem Gemengesyndikat oder ënnert dem Minister senger Responsabilitéit fueren?
  4. Besteet d’Méiglechkeet, datt de Minister mam TICE kéint zesummeschaffen, fir de Fuertakt vum ëffentlechen Transport am Süde vum Land op engem héijem Niveau ze halen a soumadder d’Sécherheetsdistanzen vun de Passagéier am ëffentlechen Transport kënnen ze garantéieren?
  5. Ass et, zum Beispill, méiglech, datt den TICE vu staatlecher Säit aus kéint Buschauffere geléint kréien, fir de Fuertakt zu Spëtzestonne kënnen z’assuréieren?
  6. Wäert de Minister wärend dëser Pandemie dofir suergen, datt d’Geste barrières an d’Distanzen zoueneen iwwerall am ëffentlechen Transport kënnen assuréiert ginn?

Fro n°3185

Verlaaf an der Chamber

Dierwiechter – ëffentlech Blousstelle vu Persounen

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministesch fir Justiz weiderzeleeden.

Mir gouf zougedroen, datt verschidden Dierwiechter (Huissiers de Justice) et sech zur gängeger Praxis gemaach hunn, am Kader vun der Exekutioun vu Justizentscheedungen, verschiddene Persounen als lescht Warnung ee Pechbild op d’Dieren ze pechen.

 

Konkret leit mir eng Foto vun esou engem Sticker mam Logo vun den Huissiere vir, op deem an Handschrëft drop geschriwwe steet:  “Dernier Avertissement avant ouverture forcée”, suivéiert vun der Telefonsnummer vum Huissier an der Dossiersnummer vum Client.

Et ass besuergneserreegend, wann Dierwiechter, déi Decisiounen am Numm vun der Justiz ausféieren, den Dateschutz vu Persoune manifestement ënnergruewen, well, an de Parties communes oder op den Entréesdiere vu Residencen, d’Allgemengheet vun Dossiere vun den Huissiers gewuer gëtt.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Ass der Justizministesch an der Procureure d’Etat déi uewe genannte Praxis vu Dierwiechter bekannt? Wéi eng Meenung vertrëtt d’Justizministesch géigeniwwer dëser Praxis, virun allem aus Siicht vum Dateschutz?
  2. Firwat ginn an dësem Kontext, sensibel Informatiounen vun de betraffene Persounen net einfach an diskret an d’Bréifkëscht geheit?
  3. Kann ausgeschloss ginn, dass eng Persoun, déi d’Dossiersnummer an den Numm vun der betraffener Persoun kennt, per Telefon Accès op d’Informatiounen vum Dossier kréie kéint?
  4. Nom Gesetz vum 4ten Dezember 1990 iwwert d’Organisatioun vun den Dierwiechter waacht de Procureur d’Etat iwwert d’Uerdnung bei den Huissieren. Wéi vill Kontrolle goufen an deene leschte 5 Jore gemaach a wéi eng Infraktioune goufen heibäi festgestallt?

Fro n°3177

Verlaaf an der Chamber

Dierwiechter – ëffentlech Blousstelle vu Persounen

Mir gouf zougedroen, datt verschidden Dierwiechter (Huissiers de Justice) et sech zur gängeger Praxis gemaach hunn, am Kader vun der Exekutioun vu Justizentscheedungen, verschiddene Persounen als lescht Warnung ee Pechbild op d’Dieren ze pechen.  Konkret leit mir eng Foto vun esou engem Sticker mam Logo vun den Huissiere vir, op deem an Handschrëft drop geschriwwe steet:  “Dernier Avertissement avant ouverture forcée”, suivéiert vun der Telefonsnummer vum Huissier an der Dossiersnummer vum Client.  Et ass besuergneserreegend, wann Dierwiechter, déi Decisiounen am Numm vun der Justiz ausféieren, den Dateschutz vu Persoune manifestement ënnergruewen, well, an de Parties communes oder op den Entréesdiere vu Residencen, d’Allgemengheet vun Dossiere vun den Huissiers gewuer gëtt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass der Justizministesch an der Procureure d’Etat déi uewe genannte Praxis vu Dierwiechter bekannt? Wéi eng Meenung vertrëtt d’Justizministesch géigeniwwer dëser Praxis, virun allem aus Siicht vum Dateschutz? 

  2. Firwat ginn an dësem Kontext, sensibel Informatiounen vun de betraffene Persounen net einfach an diskret an d’Bréifkëscht geheit?

  3. Kann ausgeschloss ginn, dass eng Persoun, déi d’Dossiersnummer an den Numm vun der betraffener Persoun kennt, per Telefon Accès op d’Informatiounen vum Dossier kréie kéint?

  4. Nom Gesetz vum 4ten Dezember 1990 iwwert d’Organisatioun vun den Dierwiechter waacht de Procureur d’Etat iwwert d’Uerdnung bei den Huissieren. Wéi vill Kontrolle goufen an deene leschte 5 Jore gemaach a wéi eng Infraktioune goufen heibäi festgestallt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3177

Legalitéit vu Geschécklechkeetsspiller

A menger parlamentarescher Fro n°2927 hat ech d’Justizministesch ëm Informatiounen zum legale Stand vum Glécksspill zu Lëtzebuerg gefrot. An hirer Äntwert schreift d’Ministesch, datt eng Ouverture vum Glécksspill aktuell net ugeduecht ass, mee datt de Moment gekuckt gëtt, ob a wéi, d’Legislatioun muss adaptéiert ginn. 

Eng Fro, déi sech bei dëser Reevaluatioun stellt, ass déi vum legale Stand vun de Geschécklechkeetsspiller am Beräich vum Glécksspill. E Geschécklechkeetsspill ass hei ee Spill, bei deem den Zoufall den Ausgang vun enger Partie matbestëmmt, woubäi de Spiller allerdéngs duerch verschidde Geschéckerlechkeeten, wéi zum Beispill Schnellegkeet, Prezisioun, Fangerspëtzegefill oder logescht Denken d’Resultat vun engem Spill ausschlaggeebend beanträchtege kann. D’Spill baséiert also net wéi beim klassesche Glécksspill, um rengen Zoufall, mee un enger Mëschung tëscht Fäegkeeten a Chance. 

Esou Geschécklechkeetsspiller gehéiere gewëssermoossen zu der lëtzebuerger Traditioun. Schonn am Artikel 7 vum abrogéierte Gesetz vum 15. Juni 1903 iwwert de Betrib vu Glécksspiller si Geschécklechkeetsspiller vun der Lëscht vun de verbuedene Spiller ausgeschloss ginn an och d’Virbereedungsaarbechte vum Gesetz vum 20. Abrëll 1977 weisen, dass d’Geschécklechkeetsspiller deemools op mannst dee gläiche Stellewäert haten, wéi zum Beispill de Billard, Darts oder de Kicker. 

Eng “Lecture a contrario” vum Dispositif vum Artikel 3 vum Gesetz vun 1977 kéint d’Legalitéit vu Geschécklechkeetsspiller, déi op der Geschécklechkeet AN dem Zoufall berouen, och haut nach emol ënnersträichen. Den aktuellen Text beseet:
“Est interdite sur la voie et dans les lieux publics et notamment dans les débits de boissons l’installation de tous appareils distributeurs d’argent, de jetons de consommation et, d’une manière générale, de tout appareil dont le fonctionnement repose sur l’adresse ou le hasard et qui sont destinés à procurer un gain ou une consommation moyennant enjeu.” […] ”

Eng Lecture à contrario vum Artikel 3 kéint sinn:
“Est autorisée sur la voie et dans les lieux publics et notamment dans les débits de boissons l’installation de tous appareils distributeurs d’argent, de jetons de consommation et, d’une manière générale, de tout appareil dont le fonctionnement repose sur l’adresse et le hasard et qui sont destinés à procurer un gain ou une consommation moyennant enjeu.””

Doriwwer eraus gouf am Arrêt de principe “Min. Public / Jastrow. ” vun der Cour Superieure (Correctionnellen Appell) vum 28te Mee 1966 d’Legalitéit vun de Geschécklechkeetsspiller festgehalen a säit 1966 ass dëser Jurisprudenz ni widdersprach ginn, voire se ass ni reviséiert ginn. D’Rechtsspriechung vun deemools hat festgehalen, dass Geschécklechkeetsspiller erlaabt kënne ginn, wann am Spill d’Proportioun vum Zoufall den Ausgank vun enger Partie manner beanträchtegt ewéi d’Proportioun vun der Geschécklechkeet vum Spiller. Aneschters formuléiert: wann ee Spill méi duerch d’Fäegkeete vum Spiller, wéi vum Zoufall kann entscheet ginn, wär et legal. Esou jiddefalls ass d’Rechtsspriechung vun 1966. No der Aféierung vum Gesetz vum 20ten Abrëll 1977 iwwert d’Glécksspill gouf et ee weideren Arrêt 1984 (JUDOC n°98405233), deen dat nämmlescht Argument vun der Proportionnalitéit erëm opgegraff hat. 

D’Situatioun gesäit deemno esou aus, wéi wann d’Gesetz vun 1977 nëmme Spiller verbitt, déi ausschliisslech um Zoufall oder der Geschécklechkeet vum Spiller berouen an net op beidem. Geschécklechkeetsspiller, déi de Krittäre vum Arrêt “Min. Public / Jastrow” entspriechen, géifen deemno net ënner dat geltend Gesetz falen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Bestätegt d’Justizministesch d’Legalitéit vu Geschécklechkeetsspiller, déi souwuel vun der Geschécklechkeet vun engem Spiller wéi och vum Zoufall bestëmmt ginn, zu Lëtzebuerg?
    • Falls d’Justizministesch d’Legalitéit bestätegt, kann Si och confirméieren, datt dës Spiller ouni Autorisatioun kënnen exploitéiert ginn, ënnert der Konditioun, dass de Bedreiwer beweise kann, dass d’Geschécklechkeet den Zoufall proportionell iwwerweit?
    • Falls d’Justizministesch d’Legalitéit ofstreit, wéi eng Inzidenz huet den Arrêt “Jastrow” op d’Gléckspillgesetz vun 1977 an wéi mussen déi zwou Normen matenee gelies ginn?

Fro n°3141

Verlaf an der Chamber