Covid-Teststatioun zu Péiteng

Déi nächste Woche sollen op verschidde Platzen am Land, zousätzlech Covid-Teststatiounen opgemaach ginn. Esou soll, zum Beispill, d’nächst Woch een néien Drive-in Zenter zu Stoossen opgoen. Duerch dës Mesure sollen d’Waardezäite fir d’Covid-Tester reduzéiert ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ronderëm d’Gemeng Péiteng wunnen ëm déi 50’000 Mënschen. D’Gemeng läit un der Belscher a Franséischer Grenz, wat och eng Chance op ee verkierzte Wee bei eng Teststatioun fir d’Frontaliere géing bedeiten. Dobäi kënnt, dass et mam Site vum Projet Carena (Autokino) an der rue Eucosider, eng grouss fräiräumeg Platz gëtt, wou esou eng Teststatioun genuch Platz hätt.   Wat fir eng Positioun vertrëtt d’Madamm Ministesch vis-à-vis vun enger zousätzlecher Teststatioun zu Péiteng?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3080

Police-Kontrollen am Kader vun der Ausgangsspär – Nofro

Säit dem 30.10 kontrolléiert d’Police déi vun der Regierung gefroten Ausgangsspär. Jiddereen den zu Fouss, mam Velo oder mam Auto tëscht 23 Auer owes a 6 Auer moies ënnerwee ass, ka vun enger Police Patrull ugehale ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Donnéeë ginn am Kader vun esou enger Kontroll festgehalen a gespäichert?

  2. Wéi vill Avertissements taxés si bis elo wéinst Verstéiss vun der Ausgangsspär gesprach ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3079

Police-Kontrollen am Kader vun der Ausgangsspär – Nofro

Säit dem 30.10 kontrolléiert d’Police déi vun der Regierung gefroten Ausgangsspär. Jiddereen den zu Fouss, mam Velo oder mam Auto tëscht 23 Auer owes a 6 Auer moies ënnerwee ass, ka vun enger Police Patrullen ugehale ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Donnéeë ginn am Kader vun esou enger Kontroll festgehalen a gespäichert?

  2. Wéi vill Avertissements taxés si bis elo wéinst Verstéiss vun der Ausgangsspär gesprach ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3079

Schnelltester um Flughafen

Op de Flughäfe JFK an Newark an den USA, goufen Teststatioune fir Schnelltester fir d’Passagéier a Betrib geholl. Hoffnung vun de Bedreiwer vum Flughafen ass, fir all Passagéier ze testen, iert en sech an de Fliger sëtzt, fir esou d’Verbreedung vum Virus duerch de Fluchverkéier ze verhënneren. D’Mesure soll och dozou bäidroen, de Léit d’Angscht virum ze Fluch huelen. An der Teststatioun um Findel kënnen sech d’Passagéier no der Arrivée teste loossen, fir esou ze verhënneren, dass si de Virus am Land verbreeden.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ass d’Asëtze vu Schnelltester an der Teststatioun um Findel geplangt? Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3073

Police-Kontrollen am Kader vun der Ausgangsspär

U mech sinn Informatiounen erugedroe ginn, dass Fräiwëlleger vum Corps Grand-ducal d’Incendie et de Secours de Weekend wärend engem Asaz vun der Police iwwerpréift gi wieren. Mengen Informatiounen no, hunn déi Fräiwëlleg de Beamten hier Badgë gewisen, d’Policebeamten hunn awer nach zousätzlech beim 112 nogefrot op d’Zentral Kenntnis vun dësem Asaz hätt. Esou eng Kontroll kascht zousätzlech Zäit, Zäit déi am Fall vun engem Asaz een entscheedenden Ënnerscheed ka maachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Minister Kenntnis iwwert esou Kontrollen ? 

  2. Wéi eng Uweisungen huet d’Police am Fall, wou si Fräiwëlleger vum Groupe vum Corps Grand-ducal d’Incendie et de Secours kontrolléieren ?

  3. Wat solle Léit, déi tëscht 23 Auer owes a 6 Auer moies wéinst hirer Aarbecht ënnerwee si, fir Pabeiere mat sech féiere, fir dass Kontrollen esou effektiv a séier wéi méiglech kënne gemaach ginn?  Ginn am Ministère Formulairen zu dësem Zweck ausgeschafft? Falls jo, wéini sinn dës Formularen ze erwaarden?

  4. Wéi vill Kontrolle sinn am Kader vun der Ausgangsspär dëse Weekend gemaach ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3071

FRO.LU: Poste du Commissaire à l’Education physique et aux Sports

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Ufanks des Mounts huet de fréiere Commissaire à l’Education physique et aux sports op RTL een Appell un de Ministère gemaach, fir säin Nofollger ze bestëmmen. Dem fréiere Beamten no, brauch een am Ministère net nëmmen ee politesche Beroder, mee och ee Fachexpert am Sportberäich. “Eng Zukunft ouni Commissaire aux Sports bedeit, datt fir déi organiséiert Sportswelt (Comité olympique a Sportfederatiounen a -veräiner) kee fachkënnegen Uspriechpartner méi am Ministère ass, a keen Expert fir nei Impulser aus dem Sportsministère erauszeginn.”

  1. Gouf de Poste vum Commissaire à l’Education physique et aus Sports mëttlerweil néi besat? Falls nee, ass de Sportminister der Meenung, dass de Sportsministère e Commissaire à l’Education physique et aux Sports brauch?

  2. Wéi vill Beamte schaffe momentan am Sportsministère? Wéi vill vun deene Beamten hunn nogewise Kompetenzen am Beräich Sport, also absolvéiert Studien an de Beräicher vun der Sportwëssenschaft, dem Sportmanagement oder änlechem?

  3. Ass de Minister der Meenung, dass eng Professionaliséierung vum Spëtzesport Hand an Hand mat enger Professionaliséierung vun de Sportveräiner a Federatioune muss goen? Falls jo, wéi eng Schrëtt huet de Sportsministère bis elo an des Richtung gemaach a wat fir Konzepter sollen an Zukunft nach ëmgesat ginn?

Fro n°3072

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3072

Wéi huet sech Letzshop nom Lockdown entwéckelt?

A menger parlamentarescher Fro n°2176 hat ech de Mëttelstandsminister gefrot, wéi d’Plattform Letzshop sech wärend dem éischte Lockdown entwéckelt huet. De Minister hat verschidden Zuele geliwwert, déi weisen, datt d’Plattform wärend der Kris ee grousse Sprong no vir gemaach huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Geschäfter hunn sech, opgelëscht no Gemeng, zënter der leschter Äntwert vum Minister op Letzshop ageschriwwen? Wéi vill Geschäfter hunn sech an Tëschenzäit erëm ofgemellt? 

  2. Wéi vill Produite ginn aktuell op Letzshop ugebueden? Wéi huet sech dës Ziffer zënter der leschter Äntwert entwéckelt?

  3. Wéi vill Klicks goufen an de leschte Méint gezielt? Wéi huet sech dës Ziffer zënter der leschter Äntwert entwéckelt?

  4. Huet sech de positiven Trend vun der Plattform bestätegt a wäert d’Plattform an Zukunft seng Benotzerzuele kënne bäibehalen oder weider kënnen ausbauen?

  5. Wäert d’Plattform ëm iergendwellech nei Funktiounen erweidert ginn?

  6. Ass virgesinn, datt am Fall, wou Letzshop sech definitiv um Marché etabléiert, de Staat sech aus dësem Segment wäert erauszezéien, domat d’Plattform no de Prinzippie vum fräie Marché (ouni de Finanzement vu Steiergelder) funktionéiere kann? • Falls jo, wéi eng Indicateure mussen dofir erreecht ginn? • Falls nee, wéi ass envisagéiert, datt kleng Start-ups d’Chance kréie mat Letzshop op engem Level Playing Field ze konkurréieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3059