Connect with us

Parlamentaresch Froen

Congé extraordinaire pour décès

Zu Lëtzebuerg dierf een Employé bis zu 3 Deeg Congé extraordinaire froen, am Fall wou säi Partner oder een direkte Familjemember verstierft. Am tragesche Fall vum Dout vun engem Kand kritt een Employé bis zu 5 Deeg Congé. Dëse Congé muss direkt ab deem Dag geholl ginn, wou d’Persoun verscheet. An anere Länner ass d’Unzuel u Congésdeeg, grad am Fall vum Doud vun engem Kand, méi héich. A Frankräich, zum Beispill, sinn et bis zu 22 Deeg, déi ee Salarié kann huelen, wouvunner 8 Deeg kënnen flexibel am Joer nogeholl ginn.


Dëse Congé huet seng Daseinsberechtegung. Effektiv stellt sech d’Fro, wéi se an engem Artikel vum 19ten September am WORT duergestallt gëtt, wéi mer als Gesellschaft der Trauer an de Gefiller méi Raum kënne ginn. Dëst speziell am Hibléck vun der mentaler Gesondheet an eiser Gesellschaft.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ginn et Iwwerleeunge bei der Regierung, fir de Congé am Fall vum Doud vun engem Familljemember z’erhéijen? Falls nee, wat schwätzt dogéint?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2907

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert