Mobilitéit
Einbahnstrooss an der Rue Joseph Philippart

Zu Rodange gouf um lokalen Niveau geplangt, fir den CR176 op engem Deel vun der Rue Joseph Philippart an eng Eenbunnstrooss ze verwandelen. D’Gemeng war mat dësen Ännerungen averstanen, mee anscheinend soll Ponts et Chaussées dës Pläng ofgeleent hunn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Kann d’Ministesch bestätegen, dass d’Einbahnstrooss um CR176 um Deel vun der Rue Jos Philippart refuséiert gouf? Falls jo, firwat?
QP Nummer 2419