Connect with us

Dateschutz

Dateschutz vun den Enseignanten

Am Kader vun der Froestonn vum 14ten Oktober 2025 wéilt ech dem Minister fir Bildung, Kanner a Jugend dës Fro stellen. Den Dateschutz ass a bleift ee wichtegt Feld, fir d’Privatsphär an och d’Sécherheet vun de Leit ze garantéieren. Deen éischte Prinzipp, fir Datenklau ze verhënneren, ass dee vun der Datespuersamkeet. Dëst sollt schonn an de Schoulen ufänken, andeems een Schüler, mee och Elteren an d’Léierpersonal sensibiliséiert, dass si net fir alles Daten mussen erhiewen. (Mam Ausbau vun der kënschtlecher Intelligenz gëtt den Dateschutz och ëmmer méi wichteg, wat och vun der CNPD rezent an hirem Rapport vun 2024 ënnerstrach gouf. Déi vill rezent kriminell Phishing-Attacken, wéi zum Beispill bei der BIL, weisen, wéi wäertvoll Daten fir kriminell Aktivitéiten kënne sinn).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wéi eng Donnéeën mussen d’Elteren vum Léierpersonal hunn a wéi ass d’Personal hei geschützt? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 271

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert