Connect with us

Déiereschutz

De Wollef ass do

Zënter e puer Jore ginn zu Lëtzebuerg an an der Ëmgéigend ëmmer méi Wëllef an der fräier Natur gesicht. Dës Woch gouf bei Wëntger nach een Déier gesinn an och fotograféiert, wéi an engem Artikel op rtl.lu vum 13te Januar ze liesen ass. Et ass eng erfreelech Nouvelle, dass an eiser heemescher Fauna erëm Wëlldéieren optauchen, déi opgrond vum Mënsch virun honnert Joer bal komplett ausgerott goufen. Et gëllt elo ze kucken, dass dës Déieren sech och hei am Land usidele kënnen. Dofir gouf 2017 een Aktiouns- a Managementsplang op d’Bee gesat, fir de korrekten Ëmgang mat de Wëllef, wann se erëm optauchen, ze reegelen.

De Wollef ass eng Déierenaart, déi ënnert der CITES-Konventioun an deemno op europäeschem Niveau geschützt ass. Hei zu Lëtzebuerg ass d’Déier duerch verschidde Gesetzer a groussherzoglech Reglementer geschützt, soudass enger potenzieller Usiidlung vum Déier bei eis näischt am Wee stoen dierft.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Naturverwaltung Kenntnis vu weidere Wëllef, déi hei am Land ënnerwee sinn? Falls jo, wéi vill Wëllef zirkuléieren aktuell zu Lëtzebuerg?

  2. Wéi eng Sanktiounen erwaarden eng Persoun, déi bei enger Juegd ee Wollef erschéisst? 

  3. Wéi eng Sanktiounen erwaarden eng Persoun, déi ee Wollef verletzen oder dout maachen?

  4. Ass de Ministère mat der Jeeërfederatioun souwéi de Bauerenassociatiounen a Kontakt, fir d’Jeeër iwwert d’Presenz vum Wollef an den Aktiounsplang opzeklären? Sinn an deem Beräich speziell Formatioune fir d’Jeeër a Bauere virgesinn? 

  5. Wéi am Gestiounsplang vum Ministère ze liesen ass (Säit 31), wieren Accidenter mat Autoen eng vun de gréisste Geforen fir d’Wëllef. Lëtzebuerg huet ee vun den dichteste Stroossenetzer op der ganzer Welt, wat net fërderlech ass fir d’Iwwerliewe vum Wollef. Am Fall, wou ee Wollef ugestouss gëtt, wéi sollen d’Leit reagéieren? Wien hëllt an esou Fäll d’Decisioun, ob ee verletzten Déier gerett oder dout gemaach gëtt? 

  6. Ginn d’Doudesfäll vu geschützten Déierenaarten (Wollef, Fuuss, etc.) vum Ministère an engem Rapport festgehalen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5499

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert