Connect with us

Déiereschutz

Folge vu Streesalz

D’Umweltbundesamt an Däitschland recommandéiert, bei Schnéifall d’Stroossen net mat Salz ze streeën, mee op Sand oder Split ze setzen. Dëst well:  ““Der Einsatz von Streusalz ist für Bäume und andere Pflanzen, Tiere, Gewässer, Fahrzeuge und Bauwerke(insbesondere Beton) sehr schädlich. Die Beseitigung oder Eindämmung der Schäden verursachen jährlich hohe Kosten.“” Dësweidere kéint d’Salz laut Umweltbundesamt och zu Entzündungen un de Patte vun Déiere féieren. Och d’Associatioun Natur&Ëmwelt huet 2021 nach een Appell an dësem Sënn gemaach, fir d’Quantitéiten u Streesalz drastesch ze reduzéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Tonnen Streesalz goufen an deene leschten 3 Wantere genotzt?

  2. Wéi vill Tonnen aner Streemëttel wéi Sand, Kisel oder Granulat goufen an deene leschten 3 Wantere genotzt, fir eis Stroossen ze sécheren?

  3. Wat fir Schrëtt gi geholl, fir beschtméiglech ze verhënneren, dass d’Salz mam Schmelzwaasser an eis Flëss a Baache leeft?

  4. An de Froen n°3569 vun 2021 an n°1000 vun 2015 gëtt erkläert, dass keng schlecht Waasserqualitéit an eise Flëss duerch den Asaz vu Salz ka festgestallt ginn. Entsprécht dës Ausso vun der Ministesch nach ëmmer der Realitéit vun haut?

  5. Wat fir Schrëtt gi geholl, fir Planzen a Beem nieft de Stroossen beschtméiglech virum Salz ze schützen?

  6. Duerch d’Reduktioun vun hirem Liewensraum kommen och ëmmer méi wëll Déieren a Kontakt mam Streesalz op eise Stroossen. Wat fir eng Konsequenzen huet d’Streesalz op dës Déieren? 

  7. Wien ass responsabel am Fall wou een Déier duerch Streesalz verletzt gëtt a behandelt muss ginn?

  8. Wéi ass d’Streeë vu Salz durch Privatpersounen op ëffentleche Stroossen an Trottoirë gereegelt? Wat fir eng Reegele mussen d’Leit hei respektéieren? A wien kontrolléiert dës Reegelen?

  9. Ass geplangt an Zukunft nach méi op Alternative zum Streesalz ze setzen? Wa jo, kënnen d’Ministeschen hei konkret Pläng nennen? Wa nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5552

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert