Connect with us

Justiz

Doudeger duerch Schosswaffen

D’Chamber huet am Januar ee verschäerfte Waffegesetz gestëmmt. An de Statistike vum Statec kann ee liesen, dass 2019 4 Persounen u selwer ugedoenen Verletzungen durch Schosswaffe gestuerwe sinn. Wéi vill Persounen duerch Schossverletzunge vun Drëtte gestuerwe sinn, ass net vermierkt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persoune sinn an deene leschten 10 Joer duerch den Asaz vu Schosswaffen duerch Drëtter ëm d’Liewe komm?

  2. Wéi vill Mannerjäreger sinn an deene leschten 10 Joer duerch Schosswaffen ëm d’Liewe komm (Drëtter grad ewéi Suicide)?

  3. Wéi vill Persounen hunn sech an deenen leschten 10 Joer mat Schosswaffen d’Liewe geholl?

  4. An den USA kënnt et leider vill ze oft zu Tragedien, wou Mannerjähreger duerch een Accident Erwuessener mat enger Waff erschéissen. Goufen et och schonn zu Lëtzebuerg esou Fäll an deene leschten 10 Joer?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5572

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert