Connect with us

Déiereschutz

Déierentransporter: wou gi se hin a wéi ginn se kontrolléiert?

A menger parlamentarescher Fro n°3800 hat ech mech iwwert d’Déierentransporter informéiert, déi an de leschte Joren vun oder duerch Lëtzebuerg gefuer sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Déierentransporter hu sech 2021 vu Lëtzebuerg aus op de Wee an en anert EU-Land gemaach (opgelëscht no Déierentyp an EU-Land)?  Wéi vill Déieren goufen insgesamt an d’EU transportéiert?

  2. Wéi vill Déierentransporter hunn sech 2021 vu Lëtzebuerg aus, op de Wee an d’Net-EU-Ausland gemaach (opgelëscht no Déierentyp)? Wéi vill Déieren goufen insgesamt an Drëttstaaten transportéiert?

  3. Wéi vill Export-Transporter goufen 2021 kontrolléiert?  

  4. Wéi vill Transit-Déierentransporter sinn 2021 duerch Lëtzebuerg gefuer (opgelëscht no Déierentyp)?  Wéi vill Déiere goufen esou iwwert Lëtzebuerg transportéiert?

  5. An der Äntwert op d’Fro 3800 hat de Minister geäntwert, dass 0% vun 51 Transit-Transporter déi lescht Joren vun 2015 bis 2020 kontrolléiert goufen. An der Äntwert op meng Nofro n°4101 erkläert de Minister, dass d’Ëmsetzung vun esou Kontrollen zu Lëtzebuerg schwéier realiséierbar wier. Goufen am Joer 2021 Transit-Transporter kontrolléiert? Falls net, wat verhënnert, dass de Ministère der Veterinärsverwaltung, der Police oder der Douane et erlaabt, wärend den Zäiten, wou Déierentransporter duerch Lëtzebuerg transitéieren, dës punktuell unzehalen a Kontrollen duerchzeféieren, wann d’Veterinärsinspektioun dës Informatioun schonn am Viraus besëtzt?

  6. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro 4101 hat de Minister geschriwwen, dass am Joer 2020 der Veterinärsinspektioun keng verletzten oder doudeg Déieren gemellt goufen, déi bannent der EU transportéiert goufen. Ass dat fir 2021 och erëm de Fall?  Falls jo, leit dat dorunner, dass wierklech keng Verletzungen zoustane koumen oder funktionnéiert de Kontrollsystem net? 

  7. Grad elo wärend der Hëtzt kënnt et all Joers erëm vir, dass Déierentransporter trotz extremen Temperaturen duerchgefouert ginn. An Däitschland gouf virun der dänescher Grenz een Transporter gestoppt, an deem Fierkele bei 47 Grad am Schied transportéiert goufen. An der Äntwert op meng Fro Nummer 841 hat de Minister deemools erkläert, dass am Summer keng spezifesch Kontrollen hei duerchgefouert ginn.  Ass dat dëse Summer och erëm de Fall? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6547

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert