Connect with us

Mobilitéit

Rout Luuchten mol aaneschters

Verschiddene Stied an Uertschaften an Däitschland (mee och op anere Plazen op der Welt) hunn bei Foussgängeriwwergäng, déi mat roude Luuchte gereegelt ginn, hirer Kreativitéit fräie Laf gelooss. Aplaz vun engem rouden oder grénge Männchen, deen dem Foussgänger seet, wéini en dierf iwwert d’Strooss goen a wéini net, ass zu Hannover an Däitschland zum Beispill ee Réih als Symbol fir d’Foussgängeriwwergäng gewiehlt ginn. Zu Emden gi souguer Ottifanten als Symbolbiller benotzt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ass et och zu Lëtzebuerg méiglech, d’Symbolbiller an de roude Luuchten fir Foussgängeriwwergäng z’änneren?
    • Falls jo, dierf eng Gemeng dëst decidéieren?
    • Falls nee, wäert de Minister esou eng Ännerung an Zukunft an d’Weeër leeden? Falls net, bewäert de Minister d’Approche, wéi se a verschiddenen däitsche Géigenden ze gesinn ass, als falsch oder onsécher?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5495

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert