fbpx

Sinn E-Sports onbedenklech?

D’Regierung wëll dës Legislatur d’Entwécklung vum E-Sports-Sektor an Ugrëff huelen. D’Piraten ënnerstëtzen dëst Virhuelen, ginn awer ze bedenken, dass een och potenziell Geforen virbeugt. An asiatesche Länner, wou den E-Sports-Beräich immens entwéckelt ass, sinn gläichzäiteg d’Unzuel fir Suchtbehandlungen an der Computerspillsucht an d’Luucht geschoss. Mir hunn d’Regierung zu dësem Thema e puer Froe gestallt:

Am Koalitiounsaccord steet geschriwwen, dass d’Regierung ee legale Kader fir E-Sports opstelle wäert an dozou déi sozial a wirtschaftlech Froen betreffend dëser neier Sportsdisziplin analyséiert solle ginn. An dem Kontext sollt awer och d’Gesondheet an d’Bildung an dësem Beräich net vernoléissegt ginn, speziell wat d’Computerspillsucht ubelaangt. Den Gaming Disorder ass 2018 am International Classification of Diseases (ICD-11) als Krankheetsbild unerkannt ginn a no enger Studie vun der Pädagogischen Hochschule Heidelberg sollen tëscht 4 an 8 Prozent vun de Jugendlechen weltwäit dovunner betraff sinn. Europäesch Etuden situéieren d’Prävalenz bei Jugendlechen och ronderëm 4%. Zu Lëtzebuerg ginn et awer aktuell keng offiziell Zifferen, déi iergendwéi d’Computerspillsucht méisst.

Zesummegefaasst betruecht muss d’Fërderung vum E-Sports mat enger Suchtpräventioun- a behandlung Hand an Hand goen. Hei ass d’Regierung, sou wéi et mir zougedroe gouf, wéineg virbereet. Virun allem an der  Computerspillsuchtbehandlung ginn et zu Lëtzebuerg keng adequat Léisungen mat der Konsequenz, dass een d’Patienten fir Behandlungen an d’Nopeschlänner schéckt.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Vu, dass d’Computerspillsucht (ICD-11) zu Lëtzebuerg nach net am Diagnoseschlëssel existéiert, mat wéi engen Moosinstrumenter mësst de Gesondheetsministère d’Fäll vun Computerspillsüchtegen zu Lëtzebuerg? 
    • Falls keng Donnéeë virleien, gesäit de Gesondheetsminister d’Noutwennegkeet fir d’Computerspillsucht an d’Nomenklautura vun den Diagnosen opzehuelen? 
    • Falls nee, firwat net?
  2. Wéi vill Sue sinn, opgeschlësselt pro Joer säit 2014, am Beräich vun der Computerspillsuchtbehandlung an d’Primär- souwéi d’Sekundärpräventioun vu Computerspillsucht investéiert ginn? Wéi eng Projekter goufen heibäi ënnerstëtzt?
    • Falls keng Donnéeë virleien, gesäit de Minister fir Sozialversécherung d’Noutwennegkeet fir d’Computerspillsucht an d’Nomenklautura vun der CNS opzehuelen? 
    • Falls nee, firwat net?
  3. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Computerspillsucht aktuell ee Problem ass oder an Zukunft zu Problemer kéint féieren? 
    • Falls jo,
      • mat wéi enge Geforen a Risiken ass an Zukunft ze rechnen?
      • mat wéi enge Mesure wäert d’Regierung dëse Geforen a Risiken entgéintwierken?
    • Falls d’Regierung nach keng Stellung zur Computerspillsucht huet, wéi eng Etüde gedenkt si dozou an Zukunft ze realiséieren an ab wéini?
  4. A wéi engem Ëmfang ënnerstëtzt d’Regierung lëtzebuergesch ASBLen, déi am Beräich vun der Computerspillsuchtbehandlung aktiv sinn? Wéi eng weider Projekter si vum Gesondheetsministère an dësem Beräich virgesinn?
0

Post a comment