Connect with us

Questions parlementaires

Energieautark Gemengen

De Professor Phillip Dale huet zesumme mat Science.lu d’Fro analyséiert huet, ob Lëtzebuerg kéint säin Energiebedarf zu 100% selwer a klimaneutral hierstellen (https://science.lu/de/science-check-energiewende-erneuerbare-energien/kann-luxemburg-seinen-energiebedarf-zu-100-klimaneutral-selbst-herstellen ). Laut dem Wëssenschaftler ass dat theoretesch méiglech.  2020 huet Lëtzebuerg 7,5% vu sengem Energieverbrauch duerch lokal produzéiert erneierbar Energië konnten decken. Aus der Äntwert vun der parlamentarescher Fro n°5500 ass ervirgaangen, datt 2022 nëmmen op 4% vun de Gebaier vun der Verwaltung fir ëffentlech Baute PV-Anlagen waren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Prozent vun eisem Energieverbrauch deckt Lëtzebuerg momentan duerch Energieimporter?

  2. Wéi vill Gemengen zu Lëtzebuerg sinn energieautark?  Wéi eng Gemenge sinn dëst?

  3. Wéi vill Prozent vun hirem Energieverbrauch kënnen déi eenzel Gemengen mat allem wat un Energie an der jeeweileger Gemeng produzéiert gëtt, decken?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 755

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert