Parlamentaresch Froen
Gemeinsame Bataillon mat der Belsch

Déi belsch Regierung plangt, fir Zaldoten zu Bréissel an de Stroossen anzesetzen, fir de Problem vun der Waffegewalt zu Bréissel an de Grëff ze kréien. Den Informatiounen op rtbf.be no, soll dëst ab Abrëll 2026 geschéihen. Lëtzebuerg wëll bis 2030 mat der Belsch ee gemeinsame Batailloun opbauen, an deem Lëtzebuergesch Zaldoten inkorporéiert sinn. Et besteet de Risiko, dass déi belsch Regierung Lëtzebuerger Zaldote kéint op Bréissel schécken, fir do ze patrulléieren. Op der Website vun der Lëtzebuerger Arméi steht folgend Informatioun: „Le bataillon binational sera formé, équipé et capable d’effectuer un large éventail de missions, dans un cadre national, multilatéral, ou en appui à une organisation internationale ou régionale, telles que l’OTAN, l’Union européenne ou l’Organisation des Nations unies.“
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Dierften d’Lëtzebuerger Zaldoten, am Kader vum binationale Bataillon, fir esou Missiounen zu Bréissel oder an anere belsche Stied agesat ginn?
QP Nummer 2886