Questions parlementaires
Invitationen fir den Large Scale Testing
![](https://goergen.lu/wp-content/uploads/2020/11/the-female-hands-with-envelope-against-the-gray-ba-P6NQGXH.jpg)
An enger zweeter Phase vum Large Scale Testing, géif méi cibléiert getest ginn, sot d’Gesondheetsministesch. Ënnert anerem, solle Beruffsgruppen, déi am Alldag mat besonnesch ville Léit a Kontakt sinn, méi oft invitéiert ginn, um Large Scale Testing deelzehuelen. „Le deuxième contingent sera constitué de la « population d’individus particulièrement exposés », en raison de sa vulnérabilité ou de son haut risque d’exposition.“ U mech ass d’Informatiounen erugedroe ginn, dass d’Personal am Bildungssecteur säit dem Schoulufank manner Invitatioune geschéckt kritt hätt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Huet d’Zuel vun den Invitatiounen, déi u Persounen aus dem Bildungswiese geschéckt goufen, sech säit dem 15.09.2020 verännert? Falls jo, wéi vill Tester sinn, • virum 14.09 wöchentlech un dës Persoune gescheckt ginn? • vum 14.09 bis den 4.10 wöchentlech un dës Persoune gescheckt ginn? • vum 5.10 bis den 1.11 wöchentlech un dës Persoune gescheckt ginn?
QP Nummer 3084