Connect with us

Questions parlementaires

Parkaueren wärend der Covid-19-Pandemie

Verschiddenen Etüden no kann de Sars-Cov-2 bis zu 9 Deeg op Uewerflächen aus Plastik, Glas oder Metall iwwerliewen. Dëst bedeit, datt de Virus dobaussen op eise Stroossen a fir méi präzis ze sinn, op eise Parkingen, präsent ka sinn. D’Parkaueren, bei deenen d’Armaturen jo meeschtens aus Plastik oder Metall sinn, funktionnéieren ganz gutt als „Brutkasten“ vun esou Viren, well hei honnerten Leit pro Dag mat den Hänn dru ginn.  Bei verschiddene Parkaueren, bei deenen de Benotzer souguer seng Nummereplack muss op eng Tastatur aginn, ass d’Kontaktzäit tëschent den Hänn an der net desinfizéierter Uewerfläch oft nach méi laang. D’Risiken, sech de Virus also vun enger Parkauer matzehuelen, si ginn, ëmsou méi, wann sech bei verschiddene Parkauere Schlaange vu Leit bilden, fir ze bezuelen. Net jiddereen huet ëmmer een Desinfektiounsgel am Auto, soudatt een dann eben mat de potenziell infektiéisen Hänn aner Uewerflächen kontaminéiere kéint.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et ugesiichts vun der Covid-19-Pandemie aktuell recommendabel, datt d’Leit Parkaueren benotze sollen?

  2. Wär et net sënnvoll, bei de Parkaueren, wou een d’Nummereplaque vum Auto muss aginn, dës Funktioun bis op Weideres ze deaktivéieren?

  3. Wär et net sënnvoll, dass bei all Parkauer och direkt een Difenktiounsgel disponibel wär? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3085

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert