Connect with us

Mobilitéit

Leasingkontrakt tëschent der Luxair a German Airways

Published

on

Traditionell bitt d’Luxair sengen Aarbechter gefestegt sozial Bedéngungen, bei deenen d’Gewerkschaften an hir Fuerderunge mat engem ausgepräägte Matsproocherecht berécksiichtegt ginn. Dëst ass net bei alle Fluchgesellschaften eng Selbstverständlechkeet.

Wéi RTL den 23te Februar 2022 schreift, wäert d’Luxair bei der däitscher Airline „German Airways“ mat Sëtz zu Köln, eng Embraer 190 leasen. Am Kader vun dësem „wet-lease“-Kontrakt wäert déi geleaste Maschinn mam Logo an an de Faarwe vun der Luxair fléien, mee d’Cockpit- a Kabinecrew soll weider fir German Airways schaffen. Dës „Leasing-Iwwergangsléisung“ soll Mëtt Mee ugoen a soulaang gëllen, bis d’Luxair nei Fligere keeft fir hier eege Kapazitéiten opzestocken.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt d’Cockpit- a Kabinecrew, déi laut dem Artikel weider fir German Airways wäert schaffen, nom Luxair kollektiv Vertrag oder German Airways Bedinunge bezuelt?

  2. Ass an Zukunft geplangt op weider Leasing- an Outsourcingoperatioune vu Fligeren zeréck ze gräifen?

  3. Gesäit de Minister bei dësem Virgoen net de Risiko, dass déi ausgepräägt sozial Grondrechter bannent der Luxair mat esou engem „wet-lease“ Vertrag kéinnten ëmgaange ginn?  

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5846

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.